Search

You may also like

Géint Dreeungen a Respektlosegkeet an der Maternité
International Neiegkeeten

Géint Dreeungen a Respektlosegkeet an der Maternité

Scho fir déi 8. Kéier fënnt um 25. November 2020

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin
International Neiegkeeten

„La marche de la Liberté“ … dat neit Lidd vum Christophe Édouard Dupin

De Christophe Édouard Dupin huet méi wéi eng Säit a

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie
International Neiegkeeten

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie

Et war eng kuerz awer hefteg Veranstaltung déi den LCGB

Klimanoutstand a Spuenien

D‘Regierung zu Madrid wëll bis 2050 am Aklang mam Green Deal vun der EU-Kommissioun klimaneutral ginn an huet de Klimaschutzgesetz op den Instanzewee bruecht

Aus dem Cabinet vum Ministerpresident Pedro Sanchez koum gëschter d‘Erklärung, datt een den éischte formelle Schratt ënnerholl hätt fir d‘Moossnamen am Kampf géint d‘Äerderwiermung ëmzesetzen. Bannent 100 Deeg wëll d‘Regierung hiren Entworf fir e Klimaschutzgesetz virleeën.

Zudeem soll den nationalen Aktiounsplang zur Bekämpfung vum Klimawandel aktualiséiert ginn. D‘Spriecherin vun der Regierung, Maria Monteiro, huet de Journalisten am Uschloss un d‘Sëtzung vum Cabinet erkläert: „D‘Regierung huet entscheet, datt de Klimawandel an déi energetesch Transitioun d‘Grondlag fir all Ministèren an d‘Handlunge vun der Regierung musse sinn“.

KlimanoutstandD‘Ëmweltministesch Teresa Ribera huet hirersäits erkläert, datt sech déi spuenesch Regierung vun der Decisioun, vun der franséischer Regierung inspiréiere gelooss huet, déi en ëffentleche Gremium zur Berodung a Klimafroen instauréiert huet. Den Detail zur Aktualiséierung vum Aktiounsplang an de Gesetzesentworf, soll an den nächste Woche virgestallt ginn.

Erënnere mir an dësem Kontext dorunner, datt Enn November, d‘EU-Parlament zu Stroossbuerg, de Klima- an Ëmweltnoutstand fir déi europäesch Unioun erkläert hat. D‘Europa-Deputéiert hu mat dësem éischter symbolesche Schratt, hir Fuerderung un d‘EU-Kommissioun an d‘Memberlänner ënnerstrach, sech méi a virun allem Konsequent fir de Klimaschutz anzesetzen.

mat indymedia/mad

Related topics Energetesch Transitioun, Green Deal, Klimaneutralitéit, Klimanoutstand, Pedro Sanchez, Spuenien, Teresa Ribeira
Next post Previous post