Search

You may also like

Du sichs e méisproochegt Kannerbuch? Dëse Kiewerlek hëlleft der weider!
Neiegkeeten

Du sichs e méisproochegt Kannerbuch? Dëse Kiewerlek hëlleft der weider!

Et feelt um Lëtzebuerger Bichermaart net u Kannerbicher. Sief et

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?
Neiegkeeten

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?

Et ass eng knapp Majoritéit déi der däitscher CDU-Politikerin zum

Den Nationalfeierdag aus der Siicht vun der Regierung (Video)
Neiegkeeten

Den Nationalfeierdag aus der Siicht vun der Regierung (Video)

Wéinst dem Coronavirus ass och dëst Joer den offiziellen Deel

Klimapakt-Dag: Mat sech an der Welt zefridden

E Freideg huet d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Klimapakt 2.0 virgestallt

Klimapakt-Dag: Mat sech an der Welt zefridden

Dem Klima geet et net gutt a kee schéngt et wierklech ze interesséieren. Dat elo de September als dee „wäermsten“ zanter der Erhiewung vun de Wiederdate bestätegt gouf, ännert un dësem därege Constat bedauerlecherweis näischt. Mam Klimapakt 2.0 awer wëll dës Regierung elo Akzenter an „eppes méi“, setzen.

Mat engem „neie“ Klimapak sollen d‘Gemenge finanziell gehollef kréien sech verstäerkt fir de Klima- an Ëmweltschutz anzesetzen. Si solle besser berode ginn an och d‘Bierger wëll een derzou bewegen sech méi anzebréngen. De Klimapakt gëtt dann elo och bis 2030 verlängert, an déi vill Mesuren déi mam Update kommen, sollen deem ganzen eng nei Grondlag bidden.

Zanter 2013 sinn d‘Gemenge gefuerdert, 76 vun 102 Gemengen hunn et esouguer ronn bruecht, iwwer d‘Hallschent vun den 79 Moossnamen ëmzesetzen. An et géif esouguer 13 Gemengen déi 75% vun de Mesuren ëmgesat hunn. 7 Gemengen hunn 2020 nei Zertifikatioune kritt, dorënner Wolz, déi éischt Lëtzebuerger Gemeng déi als „Zirkular-Ekonomie-Gemeng“ ausgezeechent gouf.

Et soll elo zu enger méi quantitativer Approche kommen, datt duerch den Asaz vun Indikatoren, déi et erméigleche gewësse Resultater besser ze cibléieren. D‘Ministesch huet nach emol drop higewisen, datt d‘Gemengen déi sech am Klimapakt 2.0 engagéieren, e grousse Beitrag leeschten, fir datt déi national Klima- an Energiepläng kënnen transposéiert ginn an d‘Land méi resilient gëtt.

Mat eng vun de wichtegsten Neierungen ass de „Klima-Beroder“ deen de Lien tëscht der Gemeng an der Regierung soll maachen. Mee deen ass net eleng: esou gedenkt een och spezialiséiert Conseilleren uechtert d‘Land ze joen, fir op spezifesch Themen, wéi beispillsweis déi zirkular Ekonomie anzegoen. Assuréiert gëtt dat vu MyEnergy, déi och den Audit fir d‘Regierung mécht.

De Projet „Klima 2.0“ ass vum Regierungsrot ugeholl ginn a waart eigentlech nach just drop, datt de Staatsrot deem och gréng Luucht gëtt. Datt dat alles sech gutt unhéiert steet ausser Zweiwel, ob dat allerdéngs mat der Wirtschaftskris ze bewältegen ass, a wou et de Gemengen hannen a vir um Geld feelt, dozou huet sech d‘Ministesch net geäussert. Déi solle jo och nach Wunnenge bauen…

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch, Klimakris, Klimapakt 2.0, Klimawandel
Next post Previous post