Search

You may also like

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

[onionbuzz quiz-id=43][/onionbuzz] Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net

Eng verpasste Chance fir eng nohaltegt Agrarwirtschaft
Neiegkeeten

Eng verpasste Chance fir eng nohaltegt Agrarwirtschaft

Am Oktober 2020 sollt de méijärege finanzielle Kader an déi

Loosst eis de System änneren, net de Klima
Neiegkeeten

Loosst eis de System änneren, net de Klima

Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) begréisst den Zesummeschloss vun „Youth

Klimaschutz dierf net zu sozialer Ongerechtegkeet féieren

Klimaschutz dierf net zu sozialer Ongerechtegkeet féieren

De Coronavirus huet d‘Wirtschaft weltwäit abrieche gelooss. An zuelräiche Länner erreecht de Chômage ee kritesche Punkt. Mat engem opwennege Konjunkturpak wëll d‘Regierung déi gravéierend Folge vun der aktueller Kris ofschwächen. Zur Ukuerbelung vun der Wirtschaft sinn nieft finanziellen Hëllefe fir Familljen a Salariéeën och Hëllefe fir Entreprisen n d‘Wee geleet ginn.

Mee wat bedeit d‘Coronaviruskris fir de Klimaschutz an de Kampf géint d‘Ursaache vum Klimawandel? Dës Fro stoung en Donneschdeg am Mëttelpunkt vun enger Entrevue tëscht der CGFP a Greenpeace Lëtzebuerg, déi op Ufro vun der Ëmweltschutzorganisatioun stattfonnt huet. Am Kontext vun dësem Treffen ass ervirgaangen, datt d‘Klimadebatt enk mat der sozialer Gerechtegkeet verknäppt ass. Besonnesch a punkto Steierfroen, mussen alleguerten d‘Acteure Verantwortung iwwerhuelen.

D‘CGFP huet betount, datt an der Vergaangenheet vill ze oft déi zousätzlech Steierbelaaschtungen zur Iwwerwannung vun de Krisen, ausschliisslech de privat Menagen operluecht goufen. Den Daachverband vun de Beschäftegten aus dem ëffentlechen Déngscht huet däraartege Praktiken eng kloer Ofso erdeelt. Esouwuel bei der Finanzéierung vun de Coronavirus-Folgen, wéi der Bekämpfung vum Klimawandel, dierfe keng eesäiteg Moossname beschloss ginn.

Op en Neits huet sech d‘CGFP fir eng méi gerecht Steierpolitik zu Lëtzebuerg ausgeschwat. Eng méiglech CO²-Steier muss an déi geplangte Steierreform afléissen an dierft folglech zum jëtzegen Zäitpunkt net agefouert ginn. Bei allen Iwwerleeungen zur Steierreform dierf näischt iwwerstierzt ginn: et wier de falschen Usaz, radikal Moossname bannent enger kuerzer Zäitspan anzeféieren.

Mat Nodrock huet d‘CGFP betount, datt déi méiglech Aféierung vun enger CO²-Steier keng nei Ongerechtegkeete schafen dierf. Fir Mënsche mat niddregem Akommes, déi duerch eng däraarteg Moossnam finanziell an d‘Laberente gerode géifen, misste suergfälteg Kompenséierungsmesuren ausgeschafft ginn. Zur Finanzéierung vun dësen Ausgläichsmoossnamen, géif sech eng verstäerkt Besteierung vun de „spezialiséierte Fongen“ ubidden.

Dës sougenannt „FIS“, an deene gutt vernetzten Investisseure ronn 600 Milliarden Euro bunkeren, ginn zur Stonn mat engem lächerlech niddrege Steiersaz beluecht. D‘Regierung fuerdert dofir d‘Regierung op, hei séier d‘Jalonen nei ze leeën.

matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Beim Treffen tëscht dem Daachverband vun den ëffentlech Beschäftegten (CGFP) an de Vertrieder vu Greenpeace Lëtzebuerg, ass sech drop verstännegt ginn, datt d‘Mesuren déi zu méi Klimaschutz an der Bekämpfung vum Klimawandel féiere sollen, net dierfen um Réck vun den Akommesschwaache Menage ëmgesat ginn. © CGFP

Related topics CGFP, Coronavirus-Kris, FIS, Greenpeace, Klimaschutz, spezialiséiert Fongen, Steiergerechtegkeet, Steierreform
Next post Previous post