Search

You may also like

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris
International Neiegkeeten Stories

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Gëschter hu mir eis laang an der Sonn ameséiert, ma

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz
International Neiegkeeten Stories

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz

Gëschter war de Gremium vun der europäescher Vollekspartei (EPP) zesummekomm,

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum
International Neiegkeeten Stories

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum

Et huet alles 1983 ugefaangen, wéi den deemolegen US-President Ronald

Däitscht Klimaschutzgesetz net Verfassungskonform

Zu Karlsruhe hunn d‘Riichter vum Verfassungsgeriicht entscheet, datt d‘Politik sech nach emol um Rimm rappe muss: den Text zum Klimaschutzgesetz géif ze kuerz gräifen a wier deels konträr zur Verfassung

Däitscht Klimaschutzgesetz net Verfassungskonform

Géint dat vun der GroKo virgeluechte Gesetz hate jonk Klimaaktivisten, ënnerstëtzt duerch eng Rei Ëmweltverbänn, beim Verfassungsgeriicht zu Karlsruhe geklot. Grond fir dëse Schratt: d‘Kläger hu Politik a Bundesregierung virgeworf, datt si net virausschauend handelen. Esou si beispillsweis och keng konkret Mesure fir d‘Zäit no 2030 festgeluecht ginn. Dat wier net generatiounegerecht, soen d‘Verfassungsriichter, déi Nobesserunge fuerderen.

Am Beschloss vum 24. Mäerz ass däitlech gemaach ginn, datt ee am Kontext vum Klimaschutz méi laang Zäitraim consideréiere muss. Dat dann awer net nëmme mat „Ziler“ mee virun allem mat konkrete Moossnamen. Mat dësem Urteel, gëtt dann och nees ee Prezedenzfall geschafen, deen elo hoffentlech och bei anere politeschen Decisioune muss berécksiichtegt ginn. Wéi sech dat elo mat dem Nobessere vum Bundes-Klimaschutzgesetz (KSG 2019) verhält, ass nach net gewosst.

Däitschland

Konkret Iddien huet et bei de Politiker net, an d‘Lobbyisten hunn hir Siicht op d‘Urteel nach net (also net ëffentlech) an Aktivismus ëmgemënzt kritt. Parteipolitesch geet elo emol virrangeg drëms Scholdzouweisungen ze maachen a gläichzäiteg ofzewennen. Déi „die Grünen“ wou jo net hannert der Klo stoungen, gesinn sech als „Gewënner“ a behaapten datt d‘GroKo sech hei fatzeg blaméiert huet. Am Hierscht si Bundestagswalen, dat zielt och.

An dee Volet sollt een net ënnerschätzen, wëll laut dem Urteel vun de Verfassungsriichter, muss dat virleiend Gesetz bis 2022 amendéiert ginn. Virun de Bundeswalen, dat kann ee mat Gewëssheet hei ausschléissen, wäert sech näischt doen. Unhand den aktuelle Sondagen, kann een der „die Grünen“ eng Regierungsbedeelegung zoutrauen, jo esouguer d‘Kanzleramt wier hinnen Zouzetrauen. Wéi elo dat neit Klimaschutzgesetz ausgeschafft/verbessert gëtt, hänkt vun de Bundestagswalen of.

Konservative Kaviarsozialismus

Bannent der Koalitioun vun CDU/CSU & SPD huet een allerdéngs net wëlles, mam nobessere vum Klimaschutzgesetz bis no de Walen ze waarden. Besonnesch d‘Vertrieder vum Kaviarsozialismus an d‘Sozialofbauaktivisten am Team SPD, sinn op eng Regierungsbedeelegung aus, a sinn zu allem bereet, sech als Koalitiounspartner ze behaapten. Esou den SPD-Kanzlerkandidat a Finanzminister Olaf Scholz an d‘Ëmweltministesch Svenja Schulze.

Nom Urteel vum Bundesverfassungsgeriicht, huet de sozialistesche Vizekanzler mam Charme vun engem amerikanesche Flësseggastanker, wësse gelooss, dat hie mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel Vereenbaart hätt, datt et nach an dëser Legislaturperiod zu engem neie Klimaschutzgesetz komme muss. Zesumme mat der Ëmweltministesch, Svenja Schulze, wëll de Finanzminister Olaf Scholz ee Virschlag fir méi Klimaschutz virleeën, fir nach virun 2050 klimaneutral ze ginn.

Däitschland

Den Olaf Scholz: „Beim Klimaschutz muss elo méi passéieren, fir datt mir virun 2050 klimaneutral ginn. Domadder schütze mir eis Liewensgrondlagen a schafe Planungssécherheet fir d‘Betriber. Ech hunn ëmmer gesot: Klimaschutz ass déi wichtegst Aufgab vu eiser Zäit. Bremser a Blockéier hunn näischt méi ze soen. Et geet elo ëm d‘Handelen“. Méi verluge kann een et net ausdrécken, woubäi hie jo och schonn am Walkampfmodus ass…

Mee och bannent de Reie vun de chrëschtlech-konservativen, ass een net gewëllt den „die Grünen“ de Notzen aus dem Urteel vun de Verfassungsriichter ze iwwerloossen. Deen, Zäit senges Liewes, dem Klimaschutz an der Mënschheet verflichte Bundeswirtschaftsminister Peter Altmaier (CDU), wëll och zäitno Virschléi fir en neit Gesetz maachen, an huet annoncéiert sech an dësem Sënn och mat den Oppositiounsparteien ze concertéieren. Et muss jo virun de Bundestagswale gedoe sinn.

Lobby-Juristen an de Startlächer

Ob d‘Koalitioun vun CDU/CSU & SPD dann elo tatsächlech nach an dëser Legislaturperiod kann een neit Klimaschutzgesetz zum Vott virleeën? Dat dierft ganz vill vun de Juristen ofhänken, déi fir Lobby-Organisatiounen d‘Gesetzestexter, déi da vun de Minister als eegen Aarbecht virgeluecht ginn, ausschaffen. Woubäi… am Klimaschutzgesetz geet et drëms déi zoulässeg CO²-Emissioune fir d‘Secteure vun der Energie, Industrie, Landwirtschaft a Verkéier/Transport bis 2030 ze reguléieren.

Woubäi d‘Lobbyisten och berécksiichtege mussen, datt den Duo Scholz/Schulze ganz aner Ziler wéi den Altmaier verfollegen. De Olaf Scholz wëll Bundeskanzler ginn, de Peter Altmaier just weider eng Pai als Minister (egal a wéi enger Regierung) bezéien. De Peter Altmaier huet seng Strategie an dësem Kontext och zimmlech däitlech un déi vun den „die Grünen“ ugepasst. Hie schéngt sech jo sécher wat déi nächst Koalitioun betrëfft.

Däitschland

D‘Ëmweltministesch huet och nach finanzpolitesch Ambitiounen, a schéngt net gewëllt sech beim Gesetz mam Koalitiounspartner zesummenzesetzen. Ze grouss d‘Gefor, datt dësen sech dann – falls e valabelen Text géif dobäi erauskommen – d‘Kiischt vum Kuch gräife kann. Si wëll also „hiert“ Gesetz virleeën a bezweiwelt elo schonn, wou nach keng Zeil geschriwwe gouf, CDU/CSU domat wäerten averstane sinn. Déi si jo Schold dorunner, datt den Text net bis op 2040 ausgeluecht gouf.

Gutt dann nees, datt wéinstens déi Jonk mat Vernonft a Verstand punkte kënnen. D‘Luisa Neubauer, vum Mouvement „Fridays 4 Future“, dat zu de Klägerinne gehéiert, war hirersäits – bezunn op de Luef vun der Politik fir d‘Entscheedung aus Karlsruhe – liicht amuséiert, wann och eppes saierlech. D‘Politik huet dat gemaach wat se am beschte kann: „si huet versot“. D‘Regierung huet hire Job net gemaach, gesäit sech awer als Gewënner.

Villes ass der Gier no Geld geschëlt

Mam Urteel vum Verfassungsgeriicht, gëtt et elo ee weidert Element, datt de Walkampf zolidd dierft belaaschten. Covid19- a Wirtschaftskris, neofaschistesch Tendenze queesch duerch d‘Gesellschaft, Skandaler um lafende Band… an elo dat. D‘Riichter hunn hei ee Gesetz gekippt, datt eng onfair Verdeelung vun de Laaschte mat sech bruecht hätt. D‘CO²-Emissioune reduzéiere jo, mee awer net direkt. Esou richteg spierbar Moossnamen aféieren, ëm- an duerchsetzen… nee dat war net d‘Zil.

Fir „déi“ wou do an der GroKo Entscheedungsgewalt haten, ass et ganz däitlech a bewosst drëms gaangen, déi wuel noutwenneg Mesure méiglechst zäitlech wäit an d‘Zukunft ze projezéieren. Da sinn déi meescht entweder an der Pensioun oder genéissen hier nei Aufgaben an de Virstänn vun de Konzerner, deenen hir Interessen si wärend hirer politescher Carrière ëmmer ze berécksiichtege verstanen hunn. Politik muss och Sënn maachen.

Dat huet natierlech och vill mam zäitgenëssesche Versteesdemech vun Demokratie ze dinn an dem Fait datt ëmmer méi Mënsche mengen: Politik ass ee Beruff. Ass et net, Mënschen déi eppes wéi ee Beruff ausübe wëssen (och wa si et net uwennen) wat Verantwortung bedeit. Politiker hu fir esou Detailer keng Zäit. Eng Legislaturperiod dauert an Däitschland véier Joer (dovu mussen ofgezu ginn: d‘Zäit vun der Regierungsbildung an de Walkampf) gëtt de facto keng 36 Méint ausgeüübt.

Wat awer ze begréissen ass: de Klimaprotest wäert zum stännege Begleeder vum Walkampf ginn. Et wäert natierlech mat sech bréngen, datt all déi jonk Aktivisten, ob Fridays 4 Future oder Extinction Rebellion, déi politesch Ligen/Verspriechen denoncéiere wäerten. Et dierft och interessant ginn ze gesinn, wéi sech elo d‘Medien hei ervirdinn.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Däitschland, Fridays 4 Future, Klimaschutzgesetz, Luisa Neubauer, Olaf Scholz, Peter Altmaier, Svenja Schulze, Verfassungsgeriicht, Walkampf
Next post Previous post