Search

You may also like

USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger
Neiegkeeten

USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger

Wann hien iwwert déi méiglech sanitär Risiken informéiert gi wier,

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!
Neiegkeeten

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!

Vir den 2. Abrëll luet Iech de Patrimoine Roses pour

Et kriselt nees tëscht Peking a Washington
Neiegkeeten

Et kriselt nees tëscht Peking a Washington

Nodeems d‘Trump-Administratioun d‘Aarbecht vun de chinesesche Staatsmedien zolidd begrenzt huet,

Klimaschutzplang vun der EIB an der Kritik

Klimaschutzplang vun der EIB an der Kritik

Den 10. November huet Greenpeace virum Sëtz vun der EIB (Europäesch Investitiounsbank) um Kierchbierg manifestéiert. Dat genee een Dag virun der Online-Verwaltungsrotssëtzung, ob där de proposéierten Entworf vun engem Klimaschutzplang zur Diskussioun gestanen huet.

Et heescht, datt d‘EIB hire Klimaschutzplang fir 2021/25 finaliséiere wëll. Dëse Plang wäert weise wéi d‘Bank hir Geschäftsaktivitéite mam Paräisser Klimaofkommes wëll an Aklang bréngen. Dat wäert sech op déi ugestrieften energetesch Transitioun auswierken an och en Impakt op déi vun der EU-Kommissioun geduechte Léisungen zur Bewältegung vun der Klimakris hunn.

Obwuel sech d‘EIB schéngt eens ze sinn, datt e Verbuet vun de Fluchhafenerweiderungen ee gutt Mëttel kéint sinn, weist den Entworf vum EIB-Klimaschutzplang datt sech elo nach net vun der Finanzéierung vun esou klimaschiedlechen Aktivitéiten (Industrie vun de fossille Brennstoffer, Ausbau vum Autobunnsreseau an déi industriell Landwirtschaft) trenne wëll.

„Et ass vëlleg Inakzeptabel, datt déi selbsternannt Klimabank vun der EU Finanzmëttel an esou zerstéiereschen Industrien zouléisst“, iergert sech de verantwortlech fir d‘Campagne „Klima an Energie“, Frank Thinnes. „D‘EIB muss direkt al Aart vu fossiller Ënnerstëtzung ënnersoen an all Investitioune mat de Fuerderunge vum Paräisser Klimaofkommes an Aklang bréngen“.

Weise wourëms et geet

Fir d‘Bewosstsinn ze schäerfen, huet Greenpeace zwee grouss Banner virum Etat-Major vun der EIB um Kierchbierg „ausgerullt“. Eng Kéier ass et d‘Bild vun engem Lagerfeier, bestoend aus a flame stoend Geldschäiner, esou wéi enger brennender Äerd. Dat Bild symboliséiert d‘Pläng vun der EIB weiderhin an klimaschiedlech Aktivitéiten ze investéieren an d‘Klimakris ze verschäerfen.

Mam zweete Banner geet drëms d‘Message „European Investment Bank: Stop funding the climate crisis!“ bis an d‘Chefetage ze droen. Déi huet dann och matkritt, datt sech eppes virun hiren Diere gedoen huet an hunn de Kommunikatiounsdirekter Matteo Maggiore virgeschéckt. Dësen huet den Aktiviste vu Greenpeace erläutert, datt d‘EIB prinzipiell, d‘Aktioun op dësem Dag begréisst.

„Et ass wichteg, datt Organisatioune wéi Greenpeace mat esou Aktiounen, d‘Institutioune weider ermontert méi Ambitiéis ze ginn“, esou de Matteo Maggiore. D‘Aktiviste begréissen d‘Ausso an deelen dës Usiicht. Dat verhënnert allerdéngs net, datt d‘Direktere vun der Bank, déi vum Matteo Maggiore geäussert Ausso, och mussen an hir Entscheedungen afléisse loossen. Do ass den Hoken.

Foto: © Greenpeace

Related topics EIB, Europäesch Investitiounsbank, Fossil Energien, Greenpeace, Klimaschutz, Klimaschutzplang
Next post Previous post