Search

You may also like

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen
Meenung Neiegkeeten

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Um Samschdeg haten d‘Gewerkschafte SEW (OGBL), de Landesverband (FNCTTFEL) an

Sozialwahlen 2019: „räichhalteg a kompakt“ esou de Programm vun der ALEBA
Meenung Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: „räichhalteg a kompakt“ esou de Programm vun der ALEBA

En Donneschdeg huet d‘ALEBA (Lëtzebuerger Vereenegung vun den Employéeën am

money
ULC wëll sech dem Diktat vun de Banke mat enger Petitioun erwieren
Meenung Neiegkeeten

ULC wëll sech dem Diktat vun de Banke mat enger Petitioun erwieren

Den ULC-President Nico Hoffmann war um Donneschdegmueren nees zolidd „gelueden“,

Editorial: Wann d’Klimper-Tatta den Toun net trëfft

Editorial: Wann d’Klimper-Tatta den Toun net trëfft

Selwer politesch éischter den totale Feelgrëff, huet sech elo an der Kausa „Engel“ d‘Erna Hennicot-Schoepges aus der Versenkung erhuewen, dat fir de Kolleege vum Le Quotidien ze erklären, datt si dem ex-CSV-President seng Problemer net kommentéiere wëll, mee op esouvill politesch Erfarung zeréckblécke kann, dat si een natierlecht Recht hätt, dem Nofolger elo Rotschléi ze ënnerbreeden.

Déi studéiert Pianistin Erna Hennicot-Schoepges, war vun 1989 bis 1995 Chamberpresidentin, du vun 1995 bis 2003 CSV-Presidentin an, an der Juncker/Poos-Regierung Educatiounsministesch (1995/1999). Als „Merci“ fir gutt Déngschter huet si nach ee lukratiivt EU-Mandat (2004-2009) zougeschoustert kritt. An der tëscht ginn awer netz méi nëmmen al Leit op Bréissel ausgelagert.

Hätt et sengerzäit scho sozial Netzwierker ginn, esou wéi se haut bekannt sinn an och agesat ginn, wier hir politesch Carrière wuel net ganz esou opportunistesch opgaangen. Mee Hätten an Haten… Dofir huet zu Zäite vun der Klimper-Tatta de „PROFIL“ eng parteiintern Zeitung ginn, déi dann zum Informatiounsorgan vun der CSV-Fraktioun verkomm ass. Eng schmäerzlech Erënnerung.

Batter dann och nach de Constat vun der fréier Walfer Buergermeeschtesch, datt d‘Wort (elo am Besëtz vu Mediahuis) net méi d‘Zeitung vun der CSV ass. Esou léisst sech keng Demokratie, kee politesche Konsens bannent enger Partei nohalteg gestalten. Am Profil konnt d‘Pianistin nach ouni friem Hëllef hir Siicht schreiwen, haut geet ee bei reporter.lu fir d‘Meenung schreiwen ze loossen.

Recht huet déi 80 järeg konservativ politesch Expertin awer wa se behaapt, datt een „déi knaschteg Wäsch an der Famill wäscht“, firwat si och net dem Wort, mee dem Quotidien en Interview ginn huet. An an dësem huet déi al wäiss Fra dach tatsächlech erkannt, datt de Frank Engel vun Ufank déi falsch Wiel war, woubäi de Serge Wilmes an hiren Ae wuel eng Feelbesetzung gewiescht wier.

Si zéckt dann och net – besonnesch nodeems dem Loulou seng Aura eppes Schued geholl huet – ze behaapten, datt den Impfdrängler Jean-Louis Schiltz, senges Zeeche Chef vun direkt zwou Entitéite vum HRS an Seniorpartner an der Affekotekanzlei Schiltz & Schiltz, déi – ouni datt de Verdacht vun Interessekonflikt zoulässeg wier – HRS vertrëtt, dunn de wierklech bessere Choix gewiescht wier.

Interessant… d‘Erna Hennicot-Schoepges, eng „Figur“ jo ee Symbol vun der CSV ass iwwerzeegt, datt eng Persoun mam Format vun engem Jean-Louis Schiltz, de bessere President vun der CSV wier. Si mengt esouguer, datt de Loulou d‘Format gehat hätt ee Xavier Bettel als Premierminister ze verhënneren. Gutt genee esou kéint déi kathoulesch Kierch beoptrage Kanner ze erzéien…

Jo d‘Erna Hennicot-Schoepges an d‘Kierch… eng erfëllte Bezéiung, déi duerch d‘Trennung vu Kierch Staat brutal op d‘Prouf gestallt gouf. Eenzeg esou grouss Veranstaltunge wéi d‘Oktav an d‘Sprangprëssessioun bidden de Leit haut nach den ënnere Fridden an de Schutz dee just eng Gemeinschaft bidde kann. Et wier schrecklech dat et Mënsche gëtt déi d‘Bibel net gelies hunn.

Esouwäit ze goen, datt dat zum intellektuellen a kulturellem Verloscht gefouert huet, géife mir elo net goen, stellen awer fest, datt d‘Ajatollahe am Iran an Reliounswiechter a Saudiarabien genee deeselwechten Discours halen. Richteg ass allerdéngs och, datt d‘Kanner all ze oft net méi vun den Elteren „erzu“, mee een dës Aufgaben u reliéis neutral Individue, genannt „Prof“ iwwerginn huet.

Well de Katechismus oder soss kierchlech Aktivitéite mat Kanner net méi „Virgeschriwwe“ sinn, hätten sech grouss edukativ Lacunnen opgedoen. Zudeem gi Kanner, wann se net vun enger verantwortlecher Persoun encadréiert ginn, kriminell. Si well awer domadder net soen, datt Kanner déi vu kriminelle Pafen encadréiert ginn, zu bessere Katholiken oder Mënschen erzu géifen.

Illustratioun: © Dolo Iglesias / unsplash

Related topics CSV, CSV Frëndeskrees Asbl, CSV-Fraktioun, Erna Hennicot-Schoepges, Frank Engel, Jean-Louis Schiltz
Next post Previous post