Search

You may also like

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf
Neiegkeeten

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf

Während der europäescher Mobilitéitswoch am September, an am Kader vum

„Mir hunn a stänneger Angscht gelieft.“
Neiegkeeten

„Mir hunn a stänneger Angscht gelieft.“

Déi geflüchte Fraen hunn u Bord vum Rettungsschëff Sea-Eye 4

Paräis: Polizisten hu manifestéiert fir méi Moyenen
Neiegkeeten

Paräis: Polizisten hu manifestéiert fir méi Moyenen

„Mir zéien eis Sécherheet enger Gehaltserhéijung vir“, esou de Motto

Knascht an der Uelzecht

Knascht an der Uelzecht

Nom Héichwaasser hu misse vill Kellere gebotzt ginn, an et gëtt en dréngenden Appell un d‘Leit geriicht, de Schued duerch falscht Verhalen net nach schlëmmer ze maachen

Esou bericht d‘Police vun enger Verschmotzung vun der Uelzecht zu Beggen. Hei haten ee Samschdeg kuerz virun dräi Auer d‘Leit sech iwwert „ee Waasser dat a Reeboufaarwe geblénkt huet“ beschwéiert. D‘Beamte sinn dëser Meldung nogaangen an et gouf constatéiert, datt d‘Verschmotzung vum fréieren Arcelor-Terrain ausgaangen ass.

Hei war an der Folleg vum Héichwaasser ee Keller mat sengem Masuttstank iwwerschwemmt ginn an d‘Gemësch hätt sech iwwer déi veraalte Kanalisatioun an d‘Uelzecht ergoss. D‘Police huet dem Waasserwirtschaftsamt de Fall gemellt, d‘Administratioun huet déi entspriechend Moossnamen an d‘Wee geleet. Et ass dann och net den eenzege Fall am Land.

D‘Police weist nach mat Nodrock drop hinn, datt et net zoulässeg ass, esou mat Pëtrolsproduite verseuchte Flëssegkeeten an d‘Kanalisatioun oder d‘Baachen afléissen ze loossen. Mat esou Aktioune gëtt de Schued just méi grouss a kengem ass gehollef. Hei ass déi eenzeg richteg Aktioun d‘Waasserwirtschaftsamt iwwert den 112 ze informéieren.

An dësem Kontext gëtt weiderhin informéiert, datt d‘Leit, deenen hir Gäert vum Héichwaasser a Matleedschaft gezu goufen, op d‘Geméis an d‘Friichten ze verzichten. Wéi gesot, et huet vill Verschmotzung duerch ausgelafe Pëtrolsproduite ginn, firwat een dovunner Ofstand sollt huelen.

Illustratioun: © Jack B / unsplash

Related topics Héichwaasser, Iwwerschwemmung, Masutt, Staarkreen, Uelzecht, Waasserverschmotzung
Next post Previous post