Search

You may also like

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss
Neiegkeeten

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss

Bal 35 Joer no der Ënnerzeechnung vum Schengen-Ofkommes huet Däitschland

Neies vu MELLIS: Wa Béier op Hunneg trëfft!
Neiegkeeten

Neies vu MELLIS: Wa Béier op Hunneg trëfft!

Hutt Dir se scho gesinn? Déi däischter Fläsch, ganz am

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn
Neiegkeeten

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn

Am Dezember huet den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement,

Koalitiounsparteien denigréiere Beruffsverband

Koalitiounsparteien denigréiere Beruffsverband

Um Dënschdeg huet d‘Chamberkommissioun vun der Digitalisatioun an de Medie siegéiert, an hei gouf sech iwwer eng Interpellatioun säitens der CSV beroden, déi sech op den oppene Bréif vum Verband vun den Editeuren a Journaliste vum 8. Juni bezitt. Am Schreiwes geet et ëm den ominéise Gesetzprojet 7631 mat deem d‘Pressehëllef nei soll definéiert ginn.

Well sech zudeem iwwer ee massiven Dialog-Defizit beschwéiert ginn ass, huet d‘CSV als stäerkst Oppositiounspartei virgeschloen, d‘Vertrieder vun der ALJP an d‘Kommissioun anzelueden, fir dem oppene Bréif Äntwert ze ginn. Datt awer wëllen d‘Koalitiounsparteien net an si hunn ee ganzt gutt Argument: „Dat géif just zu Verzögerunge bei der Aféierung vum nei Pressegesetz féieren“.

Stëmmt an zanter de Covid19-Gesetzer – déi all exemplaresch, fir net ze soe virbildlech sinn, well se kohärent, liicht verständlech a quasi iwwer Nuecht duerch d‘Parlament gejot ginn – huet ee sech en neie Rhythmus bei der Legiferatioun zougeluecht. D‘Argument awer beseet: „

„(…)cela viendrait à retarder l’entrée en vigueur du projet de loi concerné, puisque celui-ci se trouve à la fin de la procédure législative et compte tenu du fait que les éditeurs attendent depuis de longs mois l’application des changements prévus par le projet de loi

Politiker hunn allerdéngs elo och net wierklech Loscht sech mat de Medien unzeleeën. Dat ass dem Fait geschëlt, datt och wann et „Restrukturatioune“ ginn huet, vill vun de Medien hir Appartenance zu Parteien net verstoppen. Et wier also just der Urgence geschëlt an et géif ee jo am Uschloss an no eppes Concertatioun dann ee Bilan vum Impakt op d‘Aarbecht vun de Journaliste gemaach ginn.

D‘Hëllef gehéiert den Editeuren, net de Journalisten

D‘Oppositiounsparteien haten sech fir en Echange mam Beruffsverband ausgeschwat an hunn hei ënnerstrach, datt déi am Schreiwes virgedroen Doleancen, net d‘Ambitioun hunn de ganzen Text ze verwerfen, also nei entwerfen ze mussen. D‘Koalitioun huet sech net vun den Argumenter vun der Oppositioun beaflosse gelooss. Eng Entrevue mat der Kommissioun ass domadder ganz vum Dësch.

Um Dësch huet awer de Medien- a Kommunikatiounsdéngscht vum Staatsministère (SMC) gesiess. D‘Representante vun dëser Institutioun hunn d‘Kommissioun drun erënnert, datt, datt dëst Gesetz den Objet vu ville Consultatioune mat Vertrieder vun der Professioun war. Et wier ee Kompromëss fir ee Maximum un Acteuren aus engem heterogene Milieu zefriddenzestellen, esou den SMC.

Wat dann déi 30.000 Euro (et sollten der emol 50.000 sinn) pro Beruffsjournalist betrëfft, déi engem Medium als „Hëllef“ – ënnert gewësse Konditioune – zougestane solle ginn, esou huet een dozou beim SMC eng kloer Astellung. Et gëtt drop higewisen, datt dës Subventioun kee Bestanddeel vun der Pai vum Journalist ass, mee eng direkt un d‘Editeuren iwwerwise Subventioun ass.

Déi staatlech Subsiden déi also vum Staat un d‘Editeuren iwwerwise ginn, entspriechen net engem Gehalt. Stëmmt, et hätt net vill Journalisten, wat dës ee Brutto-Joresgehalt vu nëmmen 30.000 Euro géife bezéien. Anersäits sinn d‘Editeuren och gequëtscht, well mat de Reklammen ass – och wat et hei Ausnamen huet – eng Zeitung esou och net méi finanzéierbar. Et ass nawell zolidd komplizéiert.

Illustratioun: Als Journalist muss een haut ausser Schreiwen, fotograféieren, filmen a villes aneres méi beherrschen… © Melyna Valle / unsplash

Related topics ALJP, Chamberkommissioun, Gesetzprojet 7631, Koalitioun, Oppositioun, SMC, Subsiden
Next post Previous post