Search

You may also like

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus
Neiegkeeten

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus

Wärend der Coronakris kommen engem jo essentiell Froen zu de

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?
Neiegkeeten

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?

Dat behaapt mol op mannst d’Piratepartei an hirer Pressematdeelung vu

Geriichtsprozess statt Integratioun
Neiegkeeten

Geriichtsprozess statt Integratioun

D‘Duerf Riace (Kalabrien) mat sengem Buergermeeschter war an der ganzer

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?

D‘Arithmetik schéngt eis ze soen: „Jo!“

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?

OP d‘Fro déi um Site www.smartwielen.lu un d‘Parteien an d‘Kandidate geriicht ginn ass: „Sidd dir enger juristescher Unerkennung vum Staat Palestina favorabel?“ hunn sech zwou Parteie vun der méiglecher Koalitiounsregierung ganz positiv positionéiert.

Esou déi gréng, déi mat „éischter Jo“ geäntwert huet. D‘LSAP huet dogéint e ganz däitlechen „Jo“ als Äntwert ginn. Eenzeg déi liberal DP, huet mat „éischter Nee“ geäntwert.

Fir de Comité fir e gerechte Fridden am noen Osten (CPJPO) ergëtt sech esou, datt 19 vun den 31 Deputéierte vun der zukünfteger Majoritéit, enger Unerkennung vu Palestina als Staat, favorabel géinteniwwer stinn.

Palestina

Elo misst een um Krautmaart nach just d‘Motioun vum 17. Dezember 2014, déi vun der Chamber ugeholl gi war, an d‘Regierung opgefuerdert huet de Staat Palestina formell unzëerkennen, ëmzesetzen.

Et ass eng noutwenneg Moossnam, wann engem éierlech dru geleeën ass, d‘Rechter vun de Palestinenser – déi bestänneg beschnidden a mat Féiss getrëppelt ginn – ze erhalen, esou CPJPO.

Matgedeelt vum Comité fir e gerechte Fridden am noen Osten (CPJPO)

Iwwersetzung aus dem franséischen: Laure Schlesser

Related topics Comité fir e gerechte Fridden am noen Osten, CPJPO, Fridden, Koalitiounsregierung, Palestina
Next post Previous post