Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung
Et ass net wéi wa kee méi géif duerchblécken, woubäi
Et ass net wéi wa kee méi géif duerchblécken, woubäi
Et gëtt Koppelen an der Weltgeschicht, déi wëllen einfach net
An engem Feld tëscht Monnerech an Éilereng, direkt laanscht d’Rue
No de Wale vum leschte Sonndeg war alle kloer – also zumindest gouf et esou duergestallt – datt et kee „weider esou“ am grouss-koalitionäre Sënn ka ginn, an déi „die Grünen“, déi mam Annalena Baerbock am Walkampf den Usproch op d‘Kanzlerschaft erhuewen hunn, a mat 14,8% (ëmmerhin +5,8% géintiwwer de leschte Walen) zumindest den Trouschtpräis vum Wieler kruten, behaapten sech drop, vum däitsche Wieler den Optrag, zesumme mat der FDP (11,5%), erhalen ze hunn, elo een neit Bündnis ze schafen. Dat ass natierlech hir eegen Interpretatioun an eng Schutzbehaaptung.
D‘Annalena Baerbock seet: „Dat ass en historesche Moment an eiser Gesellschaft, an eisem Land“. Mee do stécht méi Wonsch wéi Realitéitssënn derhannert. Si geet vum richtege Standpunkt aus, datt et elo ee wierklechen Opbroch an Erneierung am Kontext vun de groussen Zukunftsaufgabe brauch. Wéi déi „die Grünen“ Erneierung mam politeschen Organ vun Industrie a Wirtschaft wëlle gestalten a sozialverdréiglech ëmsetze kënnen, wëssen déi „die Grünen“ natierlech net méi ze erklären…



Natierlech huet een och bei der „Ee-Mann“ Partei (FDP) festgestallt, datt sech hei eng Opportunitéit opdeet, nees mat der Vergaangenheet unzeknäppen. Et wëll een Deel vun der Regierung sinn, wat elo méiglecherweis der grénger liberaler Politik dierft entgéintkommen, wat dann awer heescht, datt nees déi kleng Gehälter, d‘Finanzlaascht opgedroe kréien, wärend déi Schéin & Räich, sech vun den Oplagen, dank Steiervirdeeler, Steierkaddoen a Steiersenkungen éischter befreit gesinn. An elo huet den FDP-Generaldirekter Christian Lindner erkannt, datt d‘Stäre gënschteg stinn, fir ze regéieren.
Hien ass eegenen Aussoen no iwwerzeegt, datt dës Walen eng Zäsur waren, behaapt, datt sech hei d‘Wieler géint de Status Quo entscheet hätten, an – zesummegeholl kommen die Grünen & FDP op 26,3% – dësem Duo den Optrag zougestanen hätten „eppes Neies an Däitschland entstoen ze loossen“. De Christian Lindner: „Mir fillen eis gemeinsam beoptraagt an Däitschland en neien Opbroch ze organiséieren. Mir féiere gemeinsam Gespréicher, fir dat wat eis trennt iwwerwonnen ze kréien an ze ermëttele wou et Gemeinsamkeeten huet. Et huet nach eppes Ënnerscheeder“. Ah sou?
Dat een elo bei der FDP nach eppes Suergen huet, wéi een sech iwwer déi ënnerschiddlech Iddie beim Klimaschutz an de Finanzen ewech gesat kritt, kann een novollzéien, woubäi déi „die Grünen“ jo bekanntlech och fir Sozialofbau a maximale Profit antrieden, an hei ganz kloer just op eng Regierungsbedeelegung aus sinn. Dat geet nëmmen zesumme mat der FDP, sollt eng GroKo+1 wierklech verhënnert wëlle ginn. Déi gréng an déi liberal hunn Interêt sech iergendwéi eens ze ginn.



Stellt sech d‘Fro, wann sech dann d‘Walgewënner sollten eens ginn, wien Si sech als Seniorpartner kënnen auswielen. SPD wéi CDU/CSU hu jo angeblech ënnerschiddlech Interessen. Dat verhënnert net, datt sech ab e Sonndeg déi rout an déi schwaarz, och zesummesetze wëllen, fir iwwert eng méiglech Koalitioun ënnert de Volleksparteien, ënner Abannung vun enger vun deenen zwou aneren ze organiséieren. Dobäi hu weder SPD nach CDU/CSU e seriéist Interessi zesummenzeschaffen.
D‘Unioun wëll mat alle méigleche Mëttel erreechen, datt den Armin Laschet awer nach Kanzler vun Däitschland gëtt, an dat geet sech nëmmen op, wann si mam Duo Gréng/Liberal eng Léisung fannen. Wéi vill d‘Unioun bereet ass dofir ze afferen? Esou muechtgail wéi de Kandidat vun de schwaarzen Häerzer ass, wäert et wuel just un de Bayern geleeë sinn, wat hei als „Deal“ fir eng Kanzlerschaft zoulässeg ass. Mee och e Marcus Söder, wëll seng Leit net op der Oppositiounsbänk vegetéiere gesinn. Dat dierft den Ënnerscheed maachen, zumindest bezunn op „die Grünen“.
D‘SPD huet dann och net déi beschte Viraussetzungen den Deal mat dësem ongläich/gläichen Duo hinzekréien. Sécher mat den „die Grünen“ huet vill Iwwerschneidungen, besonnesch bei Soziales kann ee sech d‘Hand reechen, mee mat der FDP huet een éischter Differenzen. Hätt et déi net, da wier jo Grondsätzlech eng GroKo + FDP déi besser wiel. Mee och d‘Sozialisten si sech fir näischt ze schued, wann drëms geet d‘Kanzleramt ze besetzen. Et ass eppes hir, datt d‘SPD de Kanzler gestallt huet an esou dierft een den vun der FDP gefuerderte Sozialofbau, schonn a Kaf huelen…
mat indymedia/ber