Search

You may also like

Bildung a Fuerschung: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen
International Neiegkeeten

Bildung a Fuerschung: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Viru kuerzem hat et eng éischt Entrevue tëscht dem SEW-OGBL

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso
International Neiegkeeten

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso

AFP-Informatiounen no huet en tierkescht Geriicht eng Demande vu Wikipedia,

Kofi Annan: ee Liewe vir d‘Vereenten Natiounen

Kofi Annan: ee Liewe vir d‘Vereenten Natiounen

De Kofi Annan, dëse Samschdeg am Alter vun 80 Joer verstuerwen, huet déi Vereenten Natiounen (UN) iwwer 10 Joer laang geleet a seng spueren hannerlooss. De Mann aus Ghana, ass bis ewell deen eenzegen UN-Generalsekretär, deen et zum „Stär“ vun der Welt-Diplomatie bruecht hat.

Charismatesch ouni „opdränglech“ ze sinn, huet dësen eenzegaartegen Diplomat derzou bäigedroen, d‘UNO während senge Mandater (1997-2007) méi „siichtbar“ ze maachen. Hie war den éischten UN-Generalsekretär aus dem subsahareschen Afrika, an huet d‘Organisatioun während der Period no den Attentater vum 11. September, an dunn dem Irak-Krich, geleet. Beschmotzt gi war hien och, duerch Beschëllegungen am Dossier „Pëtrol géint Iessen“.

Wéi de Kofi Annan den Departement fir d‘Friddenserhalung dirigéiert huet, hat et och zwee donkel Kapitel ginn: de Genozid am Ruanda an de Krich a Bosnien. Beim Ofschid vum Generalsekretariat, war de Kofi Annan ee vun de populäersten UN-Dirigenten. Zesumme mat der Organisatioun, huet hien 2001 de Friddensnobelpräis kritt, dat fir „d‘Ustrengungen zur Fërderung vun enger besser organiséierter a méi friddlecher Welt.

„Ech hu versicht de Mënsch an de Mëttelpunkt vun allem ze stellen, wat mir ënnerhuelen: vun der Konflikt-Preventioun zur Entwécklung an de Mënscherechter“.

40 Joer op de Vereenten Natiounen

An de leschte Joren hat de Kofi Annan sech nees op der diplomatescher Bühn engagéiert. Esou war hien un der Spëtzt vun der Kommissioun zu de Rechter vun de moslemesche Rohingyas, déi zur Flucht an de Bangladesch gezwonge goufen. Déi waren a sinn d‘Zil vun ethnesche Säuberungen duerch déi burmesescher Arméi. 2017 ware 700.000 Rohingyas aus Myanmar (Burma) reegelrecht verjot ginn. E Virfall deen ee schlecht Liicht op d‘Aung San Suu Kyi geworf huet.

De Kofi Annan huet och eng Fondatioun gegrënnt, déi sech der nohalteger Entwécklung an dem Fridde verschriwwen huet. Hie war och e Member vun den „Elders“ (deenen Alen), e Grupp dee vum Nelson Mandela gegrënnt gi war, fir d‘Promotioun vum Fridden an de Mënscherechter ze maachen. Gesäit een emol vun deene puer Joer of, wou de Kofi Annan Tourismusdirekter vu Ghana war, esou huet hie 40 Joer vu sengem Liewen op de Vereenten Natioune verbruecht.

Hie war dann och den éischten UN-Generalsekretär, deen aus den „eegene Reie“ komm ass. Säin éischten „Job“ op der UNO: Personalchef. Uschléissend huet sech de Kofi Annan ëm de Budget gekëmmert, fir dann 1993 den Departement vun der Friddenserhalung ze leeden. Véier Joer méi Spéit sollt hien dann dat héchste Mandat vun der Organisatioun iwwerhuelen.

Wat net ze verhënnere war…

A senger Autobiographie affirméiert de Kofi Annan, datt d‘UNO net nëmmen „de Staaten déngen dierf mee de Vëlker“, an datt si „déi Plaz muss sinn, wou d‘Regierungen sech musse rechtfäerdegen iwwert déi Aart a Weis wéi si hir Bierger behandelen“.

Eng Ausso déi am Kontrast steet, zum Genozid am Ruanda an dem Vëlkermord a Bosnien an de 90er Joren. Zwou „Tragedien“ déi vun de Vereenten Natiounen net konnte verhënnert ginn. Zu deem Zäitpunkt, war de Kofi Annan, den Dirigent vum Departement zu Friddenserhalung. 1994 hunn sech d‘Blohelmer aus dem Ruanda zréckgezunn. Dat Joer drop, konnt d‘UNO näischt maache fir de Massaker vun de Moslemen zu Srebrenica (Bosnien) duerch d‘Serben ze verhënneren.

„Dës Néierlagen hu mech mat deem konfrontéiert, wat zu menger gréisster Erausfuerderung als UN-Generalsekretär sollt ginn: de Mënsche verständlech ze maachen, dat bei enger flagranter Violatioun vun de Mënscherechter, et noutwenneg a legitim ass anzegräifen“, erkläert de Kofi Annan a senger Autobiographie.

Wann een kéint behaapten, datt de Ruanda a Bosnien sech net gutt an engem Liewenslaf maachen, esou kann en drun erënneren, datt sech de Kofi Annan séier a senger neier Roll als Chefdiplomat erëmfonnt huet. Omnipresent an de Medien, an als Gaascht bei mondäne Soiréeë gäre gesinn, huet hien sech zum „Stär vun der Diplomatie“ entwéckelt. Dat ass esouwäit gaangen, datt seng „Fans“ hien als „Rockstar vun der Diplomatie“ bezeechent hunn.

Onofhängeg a kengem verflicht

De Kofi Annan ass duerch de Veto vun den USA zum UN-Generalsekretär nominéiert ginn. Déi haten hire Veto géint en zweet Mandat vum Egypter, Boutros-Boutros Ghali ageluecht. Dat huet hien awer net dovunner ofgehalen Entscheedungen onofhängeg vun de „Groussmuechten“ ze huelen. Esou huet de Kofi Annan sengerzäit Washington „irritéiert“ wéi hien den Amarsch an den Irak (2003) als illegal bezeechent huet, well dat net vum Sécherheetsrot ofgeseent gi war.

Wéi dunn 2005 am Irak e Skandal opgedeckt ginn ass, dee verbonne war mam Programm „Pëtrol géint Iessen“, sinn de Kofi Annan a säi Bouf Kojo am Donstkrees vun de Beschëllegungen opgetaucht.

Deemools hu vill Experten eng „Revanche“ vu Washington gesinn a kommentéiert. Eng Enquêtëkommissioun huet de Kofi Annan zwar entlaascht, awer och Verfeelunge bei der Gestioun vum Programm opgedeckt. Dem Kojo war eng Verbindung zur Schwäizer Gesellschaft nogesot ginn, déi „profitabel“ Verträg am Kader vum Programm erhalen hat.

Vu Ghana op New York

Gebuer am Abrëll 1938 als Bouf vun engem Kader vun enger „UNILEVER-Filial“, huet de Kofi Annan als éischt op der Universitéit vu Kumasi studéiert, dunn eng Ronn op enger amerikanescher Universitéit gedréit, iert hien zu Genf seng Studien um Institut vun den héijen internationale Studien ofgeschloss huet.

1965 huet de Kofi Annan d‘Titi Alakija Bestuet. E Meedchen aus guddem Haus wéi een dat sengerzäit gesinn huet. Dem Titi seng Famill sech gutt gestallt. D‘Koppel huet engem Bouf, de Kojo, an engem Meedchen, d‘Ama, d‘Liewe geschenkt. Um Enn vun der 70er ass dëst Bestietnes an d‘Bréch gaangen. 1984 eng nei Léift. Hien huet déi schwedesch Juristin Nane Lagergren bestuet, mat deem hien eng weider Duechter kritt, d‘Nina.

Am Februar 2012, gëtt hie vun de Vereenten Natiounen an der arabescher Liga auserwielt, fir eng Mediatioun am syresche Krich ze iwwerhuelen. Ze vill Acteuren an ze vill Konfliktparteien hunn et dem Kofi Annan net erlaabt Fortschrëtter ze erzilen, a no nëmme fënnef Méint gehäit hien d‘Handduch. Dat allerdéngs net ouni virdrun de Groussmuechte virzewerfen, duerch hir Aktiounen seng Mediatioun zu enger „Mission Impossible“ gemaach ze hunn.

mam Carole Landry/AFP

Foto: © Joel Saget/AFP

Related topics Kofi Annan, Vereente Natiounen
Next post Previous post