Search

You may also like

Wou si mer dru mat der „Häerden-Immunitéit“?
Neiegkeeten

Wou si mer dru mat der „Häerden-Immunitéit“?

Ronn 210.000 Leit am Land hunn mindestens eng Dosis vum

A Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg
Neiegkeeten

A Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg

Um vergaangene Freideg huet de François Bausch, Vize-Premierminister a Verdeedegungsminister,

Den FLB op der Sich nom Dialog
Neiegkeeten

Den FLB op der Sich nom Dialog

Beim Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) ass ee vun der Koalitiounsregierung

Kollektiv Monoparental: Weider Verhandlungen ëm d’Steierklassen

Kollektiv Monoparental: Weider Verhandlungen ëm d’Steierklassen

De Kollektiv Monoparental representéiert ongeféier 11 % vun de Lëtzebuerger Menagen, vun deene ronn 45 % an der Aarmut liewen. D’Steierreform vun 2017 huet et net erlaabt den Ënnerscheed vun der exponentieller Besteierung, mat gläichem Akommes, tëschent der Steierklass 1A, déi sech op eleng erzéiend Famille bezitt, an der Steierklass 2, déi bestuete Koppelen a Partner och ouni Kanner zielt.

D’Reform huet éischter zou enger Verschlechterung vun den Ongläichheete gefouert zum groussen Nodeel vun eleng erzéiende Famillen. Doduerch gi si diskriminéiert par Rapport zu Menagen an der Klass 2, mat gläichem Akommes an enger selwechter Unzuel u Leit am Stot. Dofir fuerdert de Kollektiv Folgendes:

  • Eng Steierskala mat der Klass 1 (leedeg) an datt si sech an exponentieller Aart a Weis vun der Klass 2 zeréck hält, déi normalerweis ee Réckstau provozéiert fir op iwwert 10.000 € pro Joer ze kommen;
  • D’Méiglechkeet fir vun enger Steierreduktioun ze profitéieren, bei engem Akommes vun 8.240 € oder drënner, woubäi eng extra-professionell Steierreduktioun vun 4.500 €ouni Konditioune fir d’Ehepartner mat engem Akommes geschaf gëtt;
  • Ee monoparentalle Steierkredit, vun dem momentan mol keng 70 % vun de concernéierte Menage ka profitéieren, duerch een Akommes wat liicht méi héich ass, wéi de Mindestloun, oder eng alimentaire Pensioun, déi iwwert 184 € läit;
  • Een eenzege Steierkredit, wou eng Koppel vun der Steierklass 2 och duebel een Notzen draus zéie kann.

No de verschiddene Gespréicher, déi de Kollektiv mat de politesche Parteien an de leschte Méint hat, wëllen si drun erënneren sech viru vir déi noutwenneg Moossnamen ze engagéieren, fir endlech d’Ongerechtegkeet fir eleng erzéiend Famille bei de Steieren of ze schafen.

Fir d’Moossnamen ze ënnerstëtze fannt dir hei d’Fuerderungen an d’Synthees vun den Etüden. Wéinst der dréngender Situatioun wëll de Kollektiv folgend Moossname bis den 1. Januar 2019 sou schnell wéi méiglech duerchsetzen:

  • D’Neiuerdnung vun eleng erzéiende Famillen an der Steierklass 2, mam Bäibehale vum monoparentalle Steierkredit (CIM);
  • D’Vervéierfachung vum monoparentalle Kredit vun 1.500 € op 6.000 €;
  • Eng Ofschafung vun alle Konditioune vum Akommes an der alimentairer Pensioun fir d’Bewëllegung vum CIM;
  • D’Berécksiichtegung vun der Unzuel u Kanner am Stot fir esou d’Steierreduktioun fest ze leeën;
  • Eng Verduebelung vum gehaltleche Steierkredit (CIS), esou wéi och eng Uewergrenz vum Akommes, uwennbar am CIS fir eleng erzéiend Famillen.

Schlussendlech biet de Kollektiv déi nei Regierung d’Problematik systematesch ze beaarbechten, fir esou de Misär vu monoparentalle Famillen a sozialen a steierleche Saachen ze hëllefen. Déi genau Statistike fannt Dir HEI.

Related topics eleng erzéiend, Famill, Kollektiv Monoparentale, Steieren, Steierklass 1A
Next post Previous post