Search

You may also like

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren
Neiegkeeten

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren

Bei der Presidentewahl am Kasachstan sinn d‘Iwwerraschungen erwaardungsgeméiss ausbliwwen. De

CinEast 2020: Expo “Planting the Future” an Ouverturesconcert
Neiegkeeten

CinEast 2020: Expo “Planting the Future” an Ouverturesconcert

Den 8. Oktober um 17:30 Auer fänkt déi dësjäreg Editioun

Gewënnspill 2018: Eng Fläsch Gin gefälleg?
Neiegkeeten

Gewënnspill 2018: Eng Fläsch Gin gefälleg?

Maacht mat a gewannt mat e bësse Gléck eng Fläsch

Kollektivvertrag am Bankesecteur: kee Fortschrëtt a Siicht

Kollektivvertrag am Bankesecteur: kee Fortschrëtt a Siicht

An engem gemeinsame Communiqué hunn d‘Gewerkschaften OGBL a LCGB vun enger beweegter Reunioun leschten Donneschdeg bericht. Op der Dagesuerdnung stoung d‘Verhandlung ëm d‘Paien am Secteur.

Béid Gewerkschaften hunn an dësem Kontext hir zwou Revendicatioune virgeluecht: Evolutioun vun de Paien am Barème an eng linear Erhéijung fir all déi Beschäftegt. Hei koum da séier zur Diskussioun ëm déi sougenannt „falsch Kaderposten“. Och dat géifen OGBL a LCGB gäre regulariséiert gesinn.

D‘Fro vun den falsche Kaderposte steet am direkten Zesummenhang mam Barème. Kader awer ginn ausserhalb dem Barème bezuelt. Schonn de Fakt datt et falsch Kaderposte gëtt, bréngt béid Gewerkschaften a Rage. Et géif beweisen, datt hir Revendicatiounen, déi bestoend Barèmen ze revaloriséiere berechtegt ass.

Si sinn zudeem net veriergert, datt sech de Brancheverband ABBL weider a Katastrophestëmmung üübt an all Erhéijung a Verbesserung bei de Salaire refuséiert. D‘ABBL soll gedreet hunn, sollt sech keen Accord bei de Paie fannen, si gewëllt wieren den 13. Mount – dee jo fräiwëlleg bezuelt gëtt – einfach ze sträichen.

Esou Ugrëff sinn se beim OGBL an dem LCGB gewinnt. Si hunn duerchblécke gelooss, datt esou eng hannerlëschteg Aktioun net géif toleréiert ginn. Si weigeren sech doriwwer eraus zouzeloossen, datt d‘Covid19-Pandemie als Virwand genotzt gëtt, fir de Salariéen dräi Joer laang keng finanziell Verbesserungen zouzegstoen.

Illustratioun: © Jason Dent / unsplash

Related topics ABBL, ALEBA, Bankesecteur, Kollektivverträg, LCGB, OGBL
Next post Previous post