Search

You may also like

Séier an einfach eng Hoerprouf ofginn
Neiegkeeten

Séier an einfach eng Hoerprouf ofginn

Ab elo direkt, bitt den nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) d‘Méiglechkeet un

Saudiarabien an d‘Rechter vun de Fraen
Neiegkeeten

Saudiarabien an d‘Rechter vun de Fraen

Déi saudiarabesch Fraerechtlerin Loujain al-Hathloul ass, esou beriichten et hir

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf
Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf

Fënnef vun den aacht Parteien, déi bei de Chamberwahlen am

Kollektivvertrag am LPEM erneiert

Kollektivvertrag am LPEM erneiert

Als eenzeg representéiert Gewerkschaft bannent dem private Lycée Emile Metz (LPEM) huet den LCGB mam Verwaltungsrot d‘Erneierung vum Kollektivvertrag aktéiert. Den neie Kollektivvertrag gëllt vum 1. Oktober 2021 bis um 31. Dezember 2023.

Mat dësem Kollektivvertrag ginn d‘Rechter gereegelt, wéi och d‘Evolutioun vun de Carrièren an de Gehälter vun allen an dëser Privatschoul Beschäftegten. Am Ofkommes huet et Verbesserungen an nei Dispositiounen:

  • eng linear Erhéijung vun 1% op de Barème zum 1. Januar 2022, an nach emol 1% op den éischte Januar 2023;
  • eng Revaloriséierung vun der Carrière vum „Maître d‘Enseignement“ an de Carrière fir dat technescht an administratiivt Personal, esou wéi d‘Aféiere vun enger neier Carrière fir de BTS;
  • eng Erhéijung vun den Indemnitéite fir d‘Regence.

Vun dësem Kollektivvertrag profitéieren eng 110 Salariéeë vum private Lycée Emile Metz. Et ass en däitlecht Zeeche fir d‘Valoriséierung vun der Aarbecht vun alle Beschäftegten.

Related topics Kollektivvertrag, LCGB, LPEM, Lycée Emile Metz
Next post Previous post