Search

You may also like

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten
Neiegkeeten

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten

A ganz Europa erlieft déi sougenannten „Mikromobilitéit“ en zolitten Hype.

money
Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss
Neiegkeeten

Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss

Mat grousser Opmierksamkeet gëtt de Virstouss vun Italien, sech un

geek
Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen
Neiegkeeten

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Wéi Breaking Bad ugelaf war, war dat de Start fir

Kollektivvertrag bei Auchan erneiert

Kollektivvertrag bei Auchan erneiert

De 24. Januar hunn d‘Gewerkschaften OGBL (Majoritär mat 12 vun13 Delegéierten), an LCGB, wéi och d‘Vertrieder vum Personal, mat der Direktioun vun Auchan Lëtzebuerg, de Kollektivvertrag erneiert. Fir Auchan schaffen zu Lëtzebuerg ronn 1.200 Leit.

Den neie Kollektivvertrag huet eng Lafzäit vu 36 Méint, dat heescht gëllt vum 1. Januar 2020 bis den 31. Dezember 2023. An dësem Kollektivvertrag konnten eng Rei Verbesserunge fir d‘Salariat aushandelt ginn:

  • all Joers am Juni (2020/2021/2022), soll et eng aussergewéinlech Prime vun 100 Euro ginn;
  • d‘Primm zum Joresenn gëtt revaloriséiert a klëmmt vu 75 op 100 Euro;
  • d‘Aarbechtsstonn tëscht 19 an 20 Auer déi um Virowend vun engem Feierdag geschafft gëtt, gëtt mat +50% entschiedegt;
  • fir d‘Mataarbechter déi méi wéi 20 Déngschtjoer bei Auchan hunn, gëtt et 1 weidere Congésdag (also elo 4 am Ganzen);
  • de Stonne-Kredit vun der Gläichstellungsbeoptraagte klëmmt vu 4 op 12 Stonnen/Woch;
  • eng Primm gebonnen un den Ënnerhalt vun der Aktivitéit, am Kader vum statutareschen Iwwergang vum „Ufänger“ zum „Okkupant“ gëtt agefouert;
  • d‘Primm „Rayon“ gëtt eng Primm „Secteur“.

Den OGBL ass mat dësem Accord ganz zefridden a begréisst de konstruktive Sozialdialog mat der Direktioun vun Auchan

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Auchan, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Personalvertriedung
Next post Previous post