Search

You may also like

Brexit… nach zéng Deeg da sollt et iwwerstane sinn
Neiegkeeten

Brexit… nach zéng Deeg da sollt et iwwerstane sinn

D‘Verhandlungen tëscht der EU an der brittescher Regierung iwwer d‘Bezéiung

Déi grouss Chantiere vun der CFL fir 2021
Neiegkeeten

Déi grouss Chantiere vun der CFL fir 2021

Hire Slogan „Mir schaffe fir d‘Mobilitéit vun eise Clienten“ bleift

Keng Explosiounsmotore méi bis 2035
Neiegkeeten

Keng Explosiounsmotore méi bis 2035

Bis 2030 soll, esou de Wonsch vun der EU-Kommissioun, den

Kollektivvertrag bei Co-Labor erneiert

Kollektivvertrag bei Co-Labor erneiert

No laange Verhandlungen, déi sech an eng schwiereg Situatioun ageschriwwen hunn, konnt de Renouvellement vum Kollektivvertrag fir déi ronn 80 bei Co-Labor beschäftegt, tëscht dem LCGB an der Direktioun vu Co-Labor, de leschte Freideg 14. Mee ënnerschriwwe ginn.

Den LCGB huet an dësem Kollektivvertrag eng Rei Verbesserungen Opweises:

  • een neie System fir d‘Remuneratioun, mat enger salarialer Erhéijung vun op d‘mannst 800 Euro iwwert d‘Evolutioun vun enger Carrière vu 35 Joer;
  • en neie Modell fir déi strukturéiert Carrière, déi véier Carrière aféiert;
  • d‘Introduktioun vun enger Fidelitéitsprimm, no zéng, zwanzeg an drësseg Joer Anciennetéit, dat ëmmer bezunn op ee Mount Pai;
  • d‘Erhéijung vun de rekreative Congésdeeg op 28 Deeg/Joer;
  • d‘Introduktioun vun zousätzleche Congésdeeg no zéng, zwanzeg an drësseg Joer Anciennetéit;
  • d‘Erhéijung vum Kleedergeld ëm 16% op elo 190 Euro.

De Kollektivvertrag huet eng Lafzäit vu 36 Méint, dat vum 1. Juni 2021 zum 31. Mee 2024.

Matgedeelt vum LCGB – fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics co-labor, Kollektivvertrag, LCGB
Next post Previous post