Search

You may also like

Englesch Charmoffensiv a Schottland
Business Neiegkeeten

Englesch Charmoffensiv a Schottland

De Wonsch no Onofhängegkeet war a Schottland seelen esou grouss

Mir vergiesse gären, wéi wichteg ëffentlech Bibliothéike sinn
Business Neiegkeeten

Mir vergiesse gären, wéi wichteg ëffentlech Bibliothéike sinn

Eis Bibliothéiken sinn alt heiansdo déi vergiessen Helde vun eiser

T’ass Europäesch Sportswoch!
Business Neiegkeeten

T’ass Europäesch Sportswoch!

Gëschter huet de Sportminister Dan Kersch de Programm vun der

Kollektivvertrag bei HEMA erneiert

Kollektivvertrag bei HEMA erneiert

Den OGBL als déi eenzeg an der Firma HEMA vertruede Gewerkschaft huet den 22. Mäerz mat der Direktioun vun HEMA de Kollektivvertrag nei opgestallt. Vum Kollektivvertrag profitéieren déi 33 Salariéeë vun der Entreprise. D‘Lafdauer vum Kollektivvertrag sinn 36 Méint. De presente Vertrag gëtt Réckwierkend op den 1. Januar 2019 a bis zum 31. Dezember 2021 datéiert.

Zu de Verbesserunge gehéiert d‘Revalorisatioun vun der Tarif-Tabell, dat bezunn op d‘Evolutioun vum Mindestloun. Och d‘Grondgehalt vun den Assistenten ass op de Leescht geholl ginn. Fir déi Leit wou bis spéit an d‘Nuecht oder op de Feierdeeg schafft, gëtt den Taux ëm 40% ugehuewen. Et kënnt och zu Upassungen un déi gülteg Legislatioun betreffend de legale Congé, den extraordinäre Congé, d‘Feierdeeg, den Elterecongé an de Congé aus familiäre Grënn.

Zu de besonneschen Avantage gehéieren d‘Zougehéieregkeetsprimm. Ab 15 Joer am Betrib bedréit d‘Primm 500 Euro, ab 25 Joer sinn et dann 1.000 Euro. Och d‘Berechnung vun der Primm zum Enn vum Joer, gëtt zum Virdeel vun de Beschäftegten „reorganiséiert“.

Related topics Eenzelhandel, HEMA, Kollektivvertrag, OGBL
Next post Previous post