Search

You may also like

Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
Neiegkeeten

Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner

Stralend Gesiichter konnt ee gëschter virun der Entrée vun der

Wunnengsnout an Immigratioun…
Neiegkeeten

Wunnengsnout an Immigratioun…

D‘Entreprise Halycon Glesener Sàrl ass zanter Dezember 2018 am Besëtz

„Wat äntweren?“ – De Planning Familial lancéiert en neie Projet
Neiegkeeten

„Wat äntweren?“ – De Planning Familial lancéiert en neie Projet

De Planning Familial huet en Dënschdeg de Projet „Wat äntweren?“

D’Verhandlunge vum Kollektivvertrag vun de Buschauffere gi weider

D’Verhandlunge vum Kollektivvertrag vun de Buschauffere gi weider

No eestëmmege Walen op der Konferenz vun den Delegéierten den 19. September huet den exekutive Comité LCGB-ACAP d’Mandat erhalen, d’Verhandlunge vun der Erneierung vum Kollektivvertrag vun de Salariéë vum Bussecteur weider ze féieren.

Zu dësem Ulass huet den LCGB-ACAP déi Delegéiert an Memberen informéier, datt bei der leschter Versammlung, iwwert d’Fuer- an Rouzäite vun de Chauffeuren, decidéiert gouf datt 50 Kilometer net iwwerschreit dierfe ginn.

Eng generell Senkung vun de Wäerter am private Bussecteur ass scho säit längerer Zäit eng Fuerderung. Den FLEAA verweigert momentan all Verhandlungen zu generelle Senkungen ouni dobäi den Afloss vun den neie Lëtzebuerger Virschrëften an den Zousätz vum Kollektivvertrag vum 10 Abrëll 2017 ze kennen.

Den Artikel 13 vum Reglement (CE) Nr°561/2006 erlaabt all Memberstaat bei Fuer- a Rouzäite vun de Liniechauffeuren Ausnamen ze maachen, soulaang et net déi 50 Kilometer iwwerschreit. Nodeems d’Rechtsgrondlage vum Code de la Route den 7 September 2018 rekonstruéiert goufen an de groussherzogleche Reglementatiounsprojet den 14 September 2018 an der Chamber abruecht gouf steet d’Verëffentlechung an d’Akraafttrieden dovun onmëttelbar befier. Momentan feelt heizou just nach d’Zoustëmmung vun de Presidente vun der Chamber.

No engem Vott, mat eestëmmegem Resultat, koum LCGB-ACAP dozou, datt d’Verhandlunge vun engem neie Kollektivvertrag zu verbesserten Aarbechts- a Lounkonditiounen am Virdergrond muss stoen. Dëst gëllt fir de Beräich Bus- a Camionettechauffeur, sou wéi och technescht an administratiivt Personal. No 4 Joer Stëllstand setzen si sech staark dofir an, datt des Verhandlungen endlech ofgeschloss ginn.

Related topics Buschauffeur, Busverkéier, Kollektivvertrag, LCGB, Verhandlung
Next post Previous post