D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare
Wéi et vun der Administratioun vun de Ponts & Chaussées
Wéi et vun der Administratioun vun de Ponts & Chaussées
Am Kader vum Internationalen Dag vun den eelere Mënsche well
Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL per Communiqué matgedeelt gouf, konnt op dësem 4. Dezember endlech de Kollektivvertrag am Bausecteur an dem Genie Civil mam Patronat erneiert ginn. Et ware laang an zéi Verhandlungen, déi ëmmer erëm „verschleeft“ goufen.
Elo ass de Kollektivvertrag an dréchenen Dicher, an hei déi markant Punkten:
Dëst Resultat, grad wéi de Fait, datt d‘Revendicatioun vum Patronat, am Bezuch op d‘Aféierung vun engem schiedleche Flexibilitéitssystem, konnt verhënnert ginn, sinn och der grousser OGBL-Mobiliséierung geschëlt, déi sech an de Manifestatioune vum 5. Juli – un deenen iwwer 2.500 Salariéeën aus dem Secteur deelgeholl hunn – ausgedréckt huet. De LCGB hat seng Memberen zu Esch mobiliséiert, an déi waren zu hirer 500 op der Stadhausplaz fir hir Rechter agetrueden.
D‘Gewerkschaften – alle virun den OGBL, dee majoritär am Secteur ass – gratuléieren hire Memberen a Militante fir hir Determinatioun an de Wëllen dee si bewisen hunn, fir hir Aarbechts- a Lounkonditiounen ze verbesseren. Den OGBL bestätegt, datt déi wichtegst Revendicatiounen an dësem Accord respektéiert ginn. Béid Gewerkschaften ënnersträichen, datt et keng einfach „Affär“ war an et éiweg gedauert huet, bis et zum Dialog konnt kommen, an de Kollektivvertrag stoung.
Gestäerkt duerch dësen Ausgang an opgrond senger Positioun als majoritär Gewerkschaft am Bausecteur, verséchert den OGBL seng offensiv Tarifpolitik am Interessi vun de Salariéeën aus de Bausecteur an dem Genie Civil weiderzeféieren.