Search

You may also like

AstraZeneca: En neien Intervall tëscht der éischter an zweeter Dosis
Neiegkeeten

AstraZeneca: En neien Intervall tëscht der éischter an zweeter Dosis

Wéi de Gesondheetsministère matdeelt, hätt ee sech elo dozou entscheet,

surprise
…et ass eng Sensatioun
Neiegkeeten

…et ass eng Sensatioun

Viru kuerzem sinn op der Cloche d’Or, direkt bei der

Start-Up Xtramile: Elo och zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Start-Up Xtramile: Elo och zu Lëtzebuerg

D’Start-Up Xtramile, déi technologesch Léisungen ubitt, gouf 2015 (zu Metz)

Gedeessems ëm de Kollektivvertrag fir de Finanzsecteur

Gedeessems ëm de Kollektivvertrag fir de Finanzsecteur

Déi fir de Banken- an Assurancësecteur „representativ“ Gewerkschaft ALEBA, hat bekanntlech Ufank November bekannt ginn, datt si ee sougenannten „Accord de Principe“ duerchgesat hat an d‘Kollektivverträg vun der Finanzplaz fir weider dräi Joer verlängert ginn. Dat allerdéngs ouni substantiell Verbesserungen.

Eigentlech näischt wat gemooss un de besonneschen Ëmstänn vun dësem Katastrophejoer elo géif verwonneren, woubäi d‘ALEBA ganz vergiess hat, datt si net eleng op der Welt ass an dat de Sozialdialog och tëscht den involvéierte Gewerkschaft muss stattfannen. Et geet dobäi jo och net drëms sech an d‘Äerm oder ëm den Hals ze falen. Sech awer ofstëmmen, sollt schon dra sinn.

Dat gesäit ee bei ALEBA dann awer eppes anescht, et wier een „déi“ representativ Gewerkschaft vum Secteur, also hätt een net nëmmen d‘Mandat fir esou Kollektivverträg auszeschaffen, et wier och rechtens dës ze aktéieren. Esou ass dann elo en Dissens entstanen, deen eenzeg dem Patronat gefälleg ass. Déi géif natierlech freeë wann et keng Kollektivverträg a keng Gewerkschaften hätt.

Elo gehéiert d‘ALEBA zu Lëtzebuerg allerdéngs net wierklech zu de Schwéiergewiichter ënnert de Gewerkschaften, an et ass net dovunner auszegoen, datt sech OGBL a LCGB op der Nues géifen erëmdanze loossen. An datt den Dissens eescht ze huelen ass, dat gouf jo an der gemeinsamer Pressekonferenz vun OGBL a LCGB den 19 November zimmlech androcksvoll vermëttelt.

Datt et tëscht ALEBA an OGBL/LCGB generell éischter wéineg Léift huet, ass weder nei nach zoufälleg. Schonn 2018 waren sech ALEBA an OGBL an d‘Hoer geroden. Et dierf och drop higewise ginn, datt déi bestoend Kollektivverträg, déi jo elo solle/kéinte verlängert ginn, ganzer uechtzéng Méint geschleeft haten. Wéi gesot, der ABBL an der ACA ass de Sträit ganz genehm.

Onverständlech an net novollzéibar

Et muss der Vollstännegkeet hallwer aweer nach emol drun erënnert ginn, datt bei de leschte Sozialwahlen (2019) d‘ALEBA am Secteur 49,22% vun de Stëmme krut. Den OGBL koum op 31,58% an de LCGB op 19,2%. Un dëse Resultater gëtt et näischt auszesetzen an eigentlech ass alles kloer, oder? Woubäi dann awer „majoritär“ net zwéngend „majoritär“ ass…

Jiddefalls huet et gëschter eng éischt gemeinsam Reunioun tëscht de Sozialpartner aus dem Banken- an Assurancësecteur ginn. Well den Dissens tëscht de Gewerkschaften net am Virfeld konnt aus de Féiss geraumt ginn, an sech just OGBL an LCGB op eng gemeinsam Linn konnte festleeën, hunn da gëschter direkt 3 Revendicatiounskatalogen um Dësch geleeën. Dee vun der ABBL zielt jo och.

Den ALEBA-President Roberto Mendolia war sech bewosst, datt hien et net einfach géif hunn, an hat am Virfeld verséinlech Téin ugeschloen: „Ech wäert eng vereenheetlechend Ried am Interessi vun de Salariéeë vun der Lëtzebuerger Finanzplaz halen“. Hien huet allerdéngs nach emol bedauert, datt déi „aner“ Gewerkschaften d‘Situatioun géifen zu politeschen Zwecker mëssbrauchen.

Elo ass „Zockerbrout & Peitsch“ vläicht eppes gewot, wann engem OGBL a LCGB géinteniwwer sëtzt, an d‘Véronique Eischen vum OGBL huet nach emol däitlech gemaach, datt et d‘ALEBA war, déi mat hirer Grondsazvereenbarung, dem Sozialdialog den Dolchstouss versat huet. Och de Paul de Araujo vum LCGB huet der ALEBA virgeworf keen iwwert den Echange informéiert ze hunn.

Zu gudder Lescht ass sech da gëschter awer nach iergendwéi verstännegt ginn. Dat zumindest kann een dem kuerz a knappe LCGB-Communiqué entlackelen, an deem et heescht: „Déi verschidde Revendicatiounskataloge gi bei der nächster Verhandlungsronn, déi fir den 13 Januar ugesat ass, tëscht de Sozialpartner ausgetosch“. Ob dat duer geet fir jiddereen op Linn ze bréngen? À voir…

Illustratioun: © Sebastian Herrmann / unsplash

Related topics ABBL, ACA, ALEBA, Finanzsecteur, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL
Next post Previous post