Search

You may also like

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?
Neiegkeeten

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?

Un enger Modellrechnung hunn US-amerikanesch Fuerscher elo berechent, wat de

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen
Neiegkeeten

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen

D’ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) deelt mat, datt eng speziell

Impfen ëm all Präis
Neiegkeeten

Impfen ëm all Präis

Indien an Taiwan bréngen eege Covid19-Impfstoffer op de Maart, obwuel

De Kollektivvertrag mat der ISL steet

De Kollektivvertrag mat der ISL steet

De Kollektivvertrag fir déi Beschäftegt vun der Internationaler Schoul zu Lëtzebuerg (ISL) ass zum 18. Juni, no enger schwiereger Period vu Litigen a Pandemie renouvelléiert ginn.

No ustrengende Verhandlungen, déi vu Litige a Protestaktioune gepräägt waren, a schlussendlech d‘Sozialpartner virun de nationale Mediateur gefouert hunn (Februar 2020). Do konnt de bestoende Kollektivvertrag bis zum August 2021 verlängert ginn. Mat dësem Accord war d‘Sécherheet vum Personal assuréiert an et konnt weider verhandelt ginn.

Den neie Kollektivvertrag fir déi 277 Salariéeë vun der ISL, deen den 18. Juni gezeechent gouf, trëtt zum 1. September a Kraaft an huet eng Lafdauer vun zwee Joer. An dësem sinn eng Rei Verbesserungen enthalen:

  • D‘Ausbezuele vun enger „Prime Unique“ an Héicht vu 480 Euro;
  • d‘Ausbezuele vun enger zousätzlecher „Prime Unique“ an Héicht vu 480 Euro fir all déi Beschäftegt, wou net zum Corps-Enseignant oder dem Gesondheetspersonal zielen;
  • Erhéijung vum „Chèque-Repas“ op 10,80 Euro;
  • Erhéijung vun den Indemnitéite fir d‘Plënnere vun den expatriéierte Salariéeën;
  • Mise à Jour vum Artikel zu de Congésdeeg aus familiäre Grënn déi vun der ISL an Aklang mam neie Gesetz ugebuede ginn.

Wat d‘Gesondheetspersonal betrëfft, esou gëtt deenen hiert Gehalt, an d Gehältertabell vum Corps-Enseignant integréiert. Hie Kanner sollen och vun de reduzéierte Schoulbeiträg profitéieren dierfen. Den OGBL, den LCGB an déi Delegéiert soen de beschäftegte Merci fir hiert exemplarescht Engagement an hir essentiell Aarbecht, déi wärend den onsécheren Zäite vun der Pandemie bewisen hunn.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Van Tai Media / unsplash

Related topics International School Luxembourg, ISL, Kollektivverträg, LCGB, OGBL
Next post Previous post