Search

You may also like

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)
Neiegkeeten

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)

Et ass en drolegt Vollek, datt vun de Briten. Dir

Unesco-Weltkonferenz iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung
Neiegkeeten

Unesco-Weltkonferenz iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung

Gëschter huet d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg

surprise
Presserot vergëtt nei Pressekaarten
Neiegkeeten

Presserot vergëtt nei Pressekaarten

Haut hunn an de Raimlechkeete vu Presserot eng 20 nei

Erneierung vum Kollektivvertrag bei der Kronospan

Erneierung vum Kollektivvertrag bei der Kronospan

D‘Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn déi lescht Woch mat der Direktioun vu Kronospan, de Kollektivvertrag erneiert, dee sech op déi iwwer 300 Salariéeën an den ënnerschiddlechen Entitéite vum Grupp bezitt.

Kronospan, déi hire Sëtz an der Industriezon Gadderscheier zu Suessem huet, ass weltwäit féierend an der Produktioun vu Panneauen a Produiten déi aus Holz hiergestallt ginn. D‘Kronospan investéiert an entwéckelt op sengem Standuert zu Suessem och erneierbar Energien.

Am neie Kollektivvertrag, dee vir eng Period vun dräi Joer (1. Januar 2020 bis 31. Dezember 2022) gülteg ass, bréngt eng Rei Verbesserunge mat sech:

  • nei intermediaire Grade goufen an d‘Gehältertabell opgeholl, wat de Salariéeë méi Opportunitéiten zur Evolutioun bitt. Zudeem gouf festgehalen, datt de Grad F automatesch no 10 Joer Anciennetéit erreecht ass;
  • de Pourcentage fir d‘Nuetsaarbecht, gëtt vu 17% op 20% gehéicht;
  • de „Produktiounsbonus“ gëtt revaloriséiert – de maximale Montant klëmmt vun 2.100 op 2.500 Euro – a gëtt fir den Ensembel vun de Salariéeë vereenheetlecht, also och déi an der Administratioun beschäftegt Salariéeën;
  • et gëtt dann och ee „Bonus Calculator“ agefouert, deen alle Beschäftegten zerguttst kënnt. Et handelt sech heibäi ëm eng Prime, déi all Mount ausbezuelt gëtt, a sech op d‘Resultater vun der Entreprise an aneren Indicateure fundéiert;
  • d‘Prime fir d‘Astreinte an/oder d‘Permanence gëtt op 150 Euro brutto ugehuewen an indexéiert. Dozou kënnt nach eng Indemnitéit vu 25 Euro (net indexéiert) fir all realiséierten Trajet (Aller/Retour).

D‘Verhandlungen tëscht der Direktioun vu Kronospan an de Gewerkschafte sinn an engem ganz konstruktive Kader a mat engem no vir geriichte Bléck getätegt ginn.

Matgedeelt vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser.

Foto: Bill Ferngren / Pixabay

Related topics Kollektivvertrag, Kronospan, LCGB, OGBL
Next post Previous post