Search

You may also like

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser
Neiegkeeten

What the Fakt – de Weltdag vum Waasser

Et geet viru mat den Aktiounsdeeg, déi ronderëm d’Thema Natur

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf
Neiegkeeten

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf

Et ass ee Film iwwert d’Evolutioun vun der Emanzipatioun vun

money
Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet d‘Kris ënner Kontroll

Nodeems de Pierre Gramegna ee Méindeg an der Finanzkommissioun déi

Hansen, OGBL an LCGB ënnerschreiwen den Accord zum Kollektivvertrag

Hansen, OGBL an LCGB ënnerschreiwen den Accord zum Kollektivvertrag

Gëschter hunn de Marc Hansen, Minister fir d’Fonction Publique, de Christian Sikorski als Representant vum OGBL an de Carlo Wagener als Representant vum LCGB den Accord zum Kollektivvertrag fir Staatsbeamten ënnerschriwwen.

All Bedeelegt hu sech zefridde gewisen iwwert déi konstruktiv Verhandlungen an d’Responsabilitéitsgefill, dat all concernéiert Persoune gewisen hunn. Domat huet een d’Aarbechtskonditiounen fir déi ëm 2.500 Staatsbeamten nach emol verbessert.

Virun allem d’Aféierung vum Zäitspuerkont (CET) gouf ervirgehuewen. Wat fir den ëffentlechen Déngscht schonn zënter dem 1. Oktober 2018 ugeholl ginn ass, wäert ab dem 1. Januar 2022 generell fir all Staatsbeamten uwennbar sinn. Laut OGBL féiert den CET zu enger besserer Harmoniséierung tëscht dem Aarbechts- a Privatliewen.

Lëtzebuerg zielt 2.475 Salariéen, déi beim Staat ugestallt sinn. Dës Zuel huet sech zënter 2015 net wierklech verännert. Dovunner schaffen 622 Persoune bei der Stroossebauverwaltung an 247 bei der Naturverwaltung. Majoritär si Männer beschäftegt (58%) an den Duerchschnëttsalter läit bei 45,5 Joer.

Opmaacherbild: (1. Rei v.l.n.r.) Carlo Wagener, stellvertriedende Sekretär vum LCGB; Marc Hansen, Minister fir d’Fonction Publique; Christian Sikorski, Zentralsekretär vum OGBL © MPF

Related topics Carlo Wagener, CET, Christian Siikorski, Kollektivvertrag, LCGB, Marc Hansen, OGBL, Staatsbeamten, Zäitspuerkont
Next post Previous post