Search

You may also like

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!
Neiegkeeten

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!

Wéi um 28. Februar konnt festgestallt ginn ass d’Zuel vun

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!
Neiegkeeten

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!

An dat huet elo och den Trump verstanen, deen an

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)
Neiegkeeten

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement

Kautebaach: Persounenzuch kollidéiert mat Camion

Gëschter Mëtteg kuerz viru 14:00 Auer koum et bei enger Barrière zu Kautebaach zu enger Kollisioun tëscht engem Persounenzuch vun der CFL an engem Camion. Als Konsequenz dovunner wäert viraussiichtlech bis den 18. Abrëll 2021 d’Linn 10 tëscht Kautebaach a Wolz (an ëmgedréint) net zirkuléieren.

Wisou de Camion op de Schinne stoung ass net gewosst. Op alle Fall krut den Zuch net méi mat Zäite gebremst, wouduerch et zur Kollisioun koum. Well den 112 keng genau Angaben zu eventuelle Blesséierte krut, gouf virsiichtshallwer de Plan „Nombreuses victimes“ (NOVI) alarméiert.

Fir eng schnell an effikass Rettung bei méi Blesséierten ze garantéieren, hätte 5 Ambulanzen, 2 SAMUen, 4 Asazzentren mat Geschir fir schwéier technesch Hëllefsleeschtung an ënnert anerem och ee medezineschen Direkter zur Verfügung gestanen. Op der Plaz ukomm gouf et Entwarnung: Glécklecherweis goufe keng Persoune verletzt, just en héije Schuet un der Infrastruktur an de Gefierer konnt festgestallt ginn.

Wéi d’CFL matdeelt, kann duerch d’Reparaturaarbechte keen Zuch op dëser Streck fueren. Ersatzbusser ginn agesat.

Kollisioun tëscht Zuch a Camion
CFL / Twitter

Billergalerie: © CGDIS

Related topics Accident, Ambulanz, Barrière, Camion, CFL, CGDIS, Ersatzbusser, Kollisioun, Linn 10, NOVI, Persounenzuch
Next post Previous post