Attentater vum 13. November 2015: Paräis gedenkt un d’Affer
Um 13. November 2015 huet eng islamistesch motivéiert Attentatsserie Paräis
Um 13. November 2015 huet eng islamistesch motivéiert Attentatsserie Paräis
Och an der Stad Lëtzebuerg veränneren déi elektresch Trottinetten lues awer
Mat enger „Blockade“ déi iwwert den irakesche Kurdistan verhaange ginn
Zu Köln, Düsseldorf a Bonn ass fir all d’Jecken um Méindeg nees déi schéinst Joreszäit agelaut ginn. Schonn um fréie Mëtteg hat den Heumarkt esou ee grousse Publikum ugezunn, datt d’Plaz komplett gespaart ginn ass. Natierlech wollt jiddweree mat de 40 Bands an hiren typesche Kölner Karnevals Lidder dësen Dag zelebréieren. Datt de Sessiounsoptakt genau op ee Wochendag gefall ass huet de Gecken dobäi näischt ausgemaach.
Wéi d’Kölner Police matdeelt, soll et bis zum spéiden Owend zu 29 Kierperverletzungsdelikter, ronn 80 Platzverweiser a 7 virleefege Festname komm sinn. A ganzer 4 Fäll gëtt wéinst sexueller Belästegung ermëttelt, an dat obwuel mat zuelräiche Sensibilisatiounscampagnen dorop higewise ginn ass, datt och um Fastelovend een „nee“ och wierklech een „nee“ ass.
© Shari Pleimelding/moien.lu
Besonnesch betraff weist ee sech iwwert déi ellen Attack op een 22 Joer jonken Tréierer, deem vun enger onbekannter Persoun vun hannen ee Kabelbinder ëm den Hals geluecht, an dës Schléng gutt fest zougezu ginn ass. D’Sanitäter hunn erkläert, datt et zu uerge Blessuren hätt kënne kommen. Souguer d’Duerchbluddung vum Kapp hätt kënnen ageschränkt ginn a fir elle Suitte suergen. Am Verlaf vum Dag ass et wuel zu weidere Virfäll mat de Plastiksschlénge komm. De Schëllege konnt bis ewell net fonnt ginn.
Donieft hu Persounen um Hohenstaufenring, dee bekannt ass fir seng zuelräich Baren an Discoen, et fir néideg gehalen, Steng vum Daach op Passanten ze geheien. Bei der däämlecher Aktioun sinn divers Onschëlleger liicht blesséiert an zwou Persoune virleefeg festgeholl ginn.
D’Sessioun 2019/20 steet ganz ënnert dem Motto „Et Hätz schleiht ëm Veedel“ („D’Häerz schléit am Véierel“) a setzt soumat net nëmmen den Heumarkt an d’Alstad, mee och déi vill Kölner Veedelen an de Virdergrond, déi bei dëser Editioun mat Ëmzich a Sitzunge punkte wëllen.
Nodeems schonn um 9 Auer um Heumarkt d’Begréissung stattfonnt huet, sinn nach virun 11:11 Auer sou munch Gruppen opgetrueden. No der Ried vun der Uewerbuergermeeschtech Henriette Reker ass schliisslech, zesumme mam Christoph Kuckelkorn, President vum Festcomité vum Kölner Karneval, de Countdown gezielt ginn. Am uschléissende Programm sinn déi grouss Stars vun de Kölner opgetrueden. Mat de Räuber, Cat Ballou, Kasalla, Brings, den Höhner oder och Bläck Fööss huet d’Häerz vun all Karnevals-Geck méi héich geschloen.
Bei dëser Editioun kënnt d’Kölner Dreigestirn iwwregens vun der Karnevalsgesellschaft „Jan von Wert“. De Prënz Christian II, de Bauer Frank an d’Jongfra Griet d’Masse begeeschteren. Dorunner gleeft och de Christoph Kuckelkorn: „Mir si sécher, datt den Trio seng Aufgab als Kölner Dreigestirn wonnerbar maache wäert. Wëll engersäits kommen si aus engem groussen an traditiounsräiche Corps. Anerersäits kennen awer och allen Dräi de Veedels-Karneval an déi kleng Evenementer an de Pargemengen, Altersheemer a Schoulen an alle Facetten aus eegener Erfarung.“
Ab elo erwaart all Kölner a klenge Geck mat voller Virfreed déi divers Sitzungen, Evenementer, Weiberfastnach oder och de Rosenmontagszug. Alaaf!