Search

You may also like

Spärung vum Pont Buchler (11.-14.09.2020)
Neiegkeeten WTF

Spärung vum Pont Buchler (11.-14.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung deele mat, datt et duerch de

De Lëtzebuerger Hunnegbéier
Neiegkeeten WTF

De Lëtzebuerger Hunnegbéier

Wann den Hunnegbéier elo net direkt eng „Nouveautéit“ ass, esou

Ministesch fir Konsumenteschutz trëfft d‘ULC
Neiegkeeten WTF

Ministesch fir Konsumenteschutz trëfft d‘ULC

Den 30. Januar hat déi nei Ministesch fir de Konsumenteschutz,

surprise

Wat gëtt et awer droleg Gestalten

Wat gëtt et awer droleg Gestalten

An der Uewerstad lafe komesch Gestalten uechter d‘Foussgängerzon. Dës Mënschen hunn sech integral a wäiss Schutzkleedung agepaakt, droen (net ganz esou konform) Masken a beweege sech, wéi wann si sech eng Iwwerdosis un Zombie-Filmer eragezunn hätten. Mat der Lige-Press kënnen si net schwätzen, firwat een iwwert den Hannergrond vun dëser „Aktioun“ wéineg ze soen huet.

D‘Message awer dierft sech un d‘Regierung riichten – well eigentlech kaum een (normale) Mënsch vun hinnen Notiz hëlt – firwat si dann och DIN-A4 grouss Blieder mat „der Message“ un hir ganz moudesch Schutzkleedung gespéngelt haten. Op dëse stinn esou treffend Spréch wéi „Follegt a sieft solidaresch“ – „Looss dech impfen“ – „Autoritéiten net hannerfroen“. Et wäert säi Grond awer hunn.

Iwwert dëse léist sech objektiv betruecht just spekuléieren. Et ass awer net auszeschléissen, datt et hei en Zesummenhang mat der Regierung an hirer Covid19-Politik gëtt. Ob et sech heibäi ëm Leit handelt déi d‘Pandemie a Fro stellen, oder just d‘Aart a Weis wéi d‘Regierung domadder ëmgeet? Sinn et Esoteriker oder Queeschdenker? D‘Äntwert kéint sech haut ubidden… also vläicht…

Dofir misst een dann awer nees um hellege Sonndeg an d‘Stad, wou dës „Anonym“ Gestalten eng weider „Performance“, déi vun de Kollegen och als Maniff duergestallt gëtt, stattfannen. Eng Demonstratioun kann et allerdéngs net sinn, déi misst ugemellt sinn. An esou ee stëlle Protest ass jo och eng Aart a Weis sech Gehéier ze verschaffen. Zudeem ass een an der gudder frëscher Loft…

Related topics Confinement, Covid19, Covidioten, Protest, Qanon, Queeschdenker, Regierung, Spärstonn
Next post Previous post