Search

You may also like

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur
Meenung WTF

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur

Nodeems d‘Sozialwahle vum 12 Mäerz an enger Firma hu misse

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
Meenung WTF

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss

Modern, faarwefrou a perfekt ofgerënnt – Esou presentéiert sech de

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen
Meenung WTF

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

surprise

Kommentar: Den OGBL-SEW op dënnem Äis

Kommentar: Den OGBL-SEW op dënnem Äis

An engem Communiqué vum 19. Januar huet sech den Educatiounsministère iwwert Aussoe vum OGBL-SEW verwonnert gewisen, an dat war dann och leider néideg. Huet d‘Gewerkschaft dach mat vollem Eescht behaapt, datt et an dëser Grippe-Period net genuch Personal gëtt, déi krank Proffe kéinten ersetzen.

De Ministère hält dogéint, a stellt kloer, datt d‘Zuel vun den neien Autorisatioune (Schouljoer 2017/18) fir ze ersetzen zum Ufank vun dësem 2. Trimester bei 289 läit. Dat wieren en der bei wäitem méi, wéi nach fir den Zäitraum 2016/17, wou et just 169 nei Autorisatioune ginn huet. Den OGBL-SEW hätt sech dann och sengem Communiqué op en Ausschnëtt aus engem Reuniounsrapport beruff, deen aus sengem Kontext gerappt ginn ass.

Vum Ministère dann och prompt d‘Äntwert: „De Rapport steet net am Zesummenhang mam Mangel un Enseignanten am Fondamental. De Ministère huet keng Initiativ ergraff fir den Enseignanten e Maulkuerf unzedoen, an deem hinne verbuede gi wier sech virun der Press auszedrécken“.

An datt de Ministère genéidegt ass drun ze erënneren, datt et e Prinzip gëtt, deen sech op d‘Flicht vum Virbehalt an der Diskretioun bezitt, dee fir all Aarbechtsrelatioun gülteg ass, an esou och vum europäesche Mënscherechtsgeriicht bestëmmt ginn ass, dierft däitlech maachen, datt sech keen iwwert d‘Gesetz ka stellen. „Et ass an der Konsequenz ganz normal, datt sech d‘Autoritéit virbehält, all Deklaratioun géintiwwer der Press ze autoriséieren, an de Léierkierper kann do keng Ausnam sinn“.

Deem kann a muss een eigentlech Zoustëmmen. Eis Enseignante si Beamten, an nach därer déi net vu sech sollte behaapten, net ze wësse wat se ënnerschriwwen hunn. Elo sinn ech bestëmmt kee Frënd vun enger Mesure, déi sech dem fräie Meenungsaustausch entgéint stellt.

An dësem Fall allerdéngs dierf a muss drun erënnert ginn, datt een, wann et da berechtegt ass op Mëssstänn hinzeweisen, och muss bei der Wourecht bleiwen. Egal wat einfach emol esou an d‘Welt ze setzen, just fir d‘Opmierksamkeet oprecht ze erhalen, steet weder enger Gewerkschaft nach den Enseignanten (déi hei matgemaach hunn) gutt zu Gesiicht. Do begëtt ee sech schnell op ganz dënnt Äis, a stellt seng eege Kredibilitéit op d‘Spill.

Gutt et ass een an engem Wahljoer, an de Minister Claude Meisch huet mat onpopulären Entscheedunge vill Leit géint sech opbruecht. Mee net mat engem Minister a sengem Ministère averstanen ze sinn, ass wuel grondsätzlech an der Rei a wahrscheinlech och legitim, mee da mussen d‘Argumenter an d‘Beschëllegungen och fundéiert sinn.

Ass dat net de Fall sollt een de Mond halen. Et genuch wat eng Kritik wäert ass, woubäi et mir och wichteg ass, datt déi méiglechst konstruktiv sollt sinn. Zudeem sollt ee „Kritik“ dach wann ech gelift net mat „Fuerderung“ verwiesselen. Deen eenzege Sënn deen ech dëser däreger Affär gesinn, ass datt et u Leit feelt, wat nach net emol vum Ministère dementéiert gëtt. An einfach ze behaapten, datt de liberale Claude Meisch net mat sech géif schwätze loossen, kann ech op dëser Plaz och net esou stoe loossen.

Wann also, léif Frënn vum OGBL-SEW iech d‘Wuel vun de Schüler eng Prioritéit ass, da stinn ech gäre voll a ganz hannert iech. Wann et allerdéngs eenzeg dorëms geet engem „den Dicks ze béien“ da sinn ech net méi mat. Et ass also heiansdo wierklech besser eng „Meldung“ zréck ze halen, en Faktencheck ze maachen an dann, wann et da berechtegt ass, dierft der och an d‘Flilleke klappen.

Related topics Claude Meisch, Educatiounsministère, Enseignanten, OGBL-SEW
Next post Previous post