Search

You may also like

surprise
Editorial: De luesen Doud vum Diesel
Neiegkeeten

Editorial: De luesen Doud vum Diesel

Zerfriess vun der Skandaler, gebeidelt duerch ëmmer nei Normen, an

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?
Neiegkeeten

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?

Mee déi gutt Gestioun vun dëser sanitärer Kris fänkt un

Déi Konservativ: „Eng Erënnerung un e faire Wahlkampf, léiwe Journalismus!“
Neiegkeeten

Déi Konservativ: „Eng Erënnerung un e faire Wahlkampf, léiwe Journalismus!“

D’Partei déi Konservativ deelt mat dësem Schreiwes, a kuerz virum

D‘Kommunalwalen 2023 brénge Faarf an d‘Spill

D‘Kommunalwalen 2023 brénge Faarf an d‘Spill

Zanter en Donneschdeg ass gewosst, den 11. Juni 2023 si Kommunalwalen, a fir méi Leit an dësen demokratesche Prozess anzebannen, kréien eis friemlännesch Matbierger, elo mat der Umeldung op der Gemeng och direkt d‘Walrecht. D‘Frist sech an d‘Wielerlëschten androen ze loosse gëtt zudeem ëm 32 Deeg verlängert. D‘Walrecht wier, esou d‘Siicht vun der Regierung, en Integratiounsfacteur.

Säitens der Zivilgesellschaft – hei vun der ASTI vertrueden – gëtt dës Decisioun begréisst. „Et ass ee reelle Fortschrëtt fir d‘Lëtzebuerger Demokratie, a mir begréissen, datt déi Modifikatioune vum Gesetz vum 18. Februar 2003, bal vollstänneg op déi vun der ASTI, CEFIS a CLAE gemaachte Virschléi agaange sinn“, esou d‘ONG déi sech zanter Éiwegkeete fir d‘Rechter vu Migranten asetzt.

Interessant an dësem demokratesche Kontext ass awer nees, dat déi dräi Dammen (Taina Bofferding (LSAP), Inneministesch, Corinne Cahen (DP), Familljeministesch an d‘Sam Tanson (déi gréng), Justizministesch) wou dës demokratesch Evolutioun vun der Lëtzebuerger Nationalpolitik bekannt gemaach hunn, sech drop behaapten, d‘Diskussiounen tëscht de Parteie séier ofgeschloss waren.

Kann een esou gëlle loossen, et gouf jo net mat enger Silb drop higewisen, wien mat „tëscht de Parteien“ do gemengt war. All d‘Partie kënnen och et gemengt sinn, et sief d‘ADR hätt sech aus onerkläerleche Grënn opgeléist a géif weder national nach kommunalpolitesch eng Roll spillen. Sécher, dat ass net Fall an och bannent der CSV huet et dozou ganz divergent „Verhältnisser“.

Vu guddem Wëlle kann net rieds sinn

Ouni datt scho géif eng eenheetlech vun der CSV virgeluechte Positioun virleien, kann een drun erënneren, datt zumindest vill CSV-Buergermeeschter (en erhieflechen Undeel sëtzt jo och an der Chamber) fir d‘Integratioun op Gemengenniveau antrëtt. Den Député-Maire vu Mamer, Gilles Roth notéiert allerdéngs, datt sech dës Reform wäert op d‘Kandidaturen zur Gemengewal auswierken.

Beim Syndikat vun de Stied a Gemengen (Syvicol) dierft dës Reform bei der nächster Sëtzung eng wichteg Plaz anhuelen, woubäi, vu dat vill Buergermeeschter jo och an der Chamber sëtzen, hei elo kee sollt op „iwwerrascht“ maachen. Si hunn dat jo, op gewollt oder duerch Fraktiounszwang scho matgedroen. Gutt, ënnerschiddlech Kapen, erfuerderen ënnerschiddlech Positiounen. Dat ass esou.

Interessant allerdéngs, well hei hätt e sech schonn éischter Dissonanzen erwaart, och déi ëmmer gären als populistesch an/oder rietsnational presentéiert ADR, et huet nach net zu enger offizieller Stellungnam bruecht. Si dierften dës Gesetzreform kaum begréisst hunn, si si jo bekanntermoosse géint d‘Auslännerwalrecht, egal a wéi enger Form. Wat net heescht si hätte keng gutt Argumenter.

Begeeschterung dogéint bei de politesche Sensibilitéiten: déi lénk a Piraten. Woubäi Freed net gläichbedeitend mat „Zefridden“ ass. Esou stellt d‘Myrian Cecchetti (déi lénk) treffend fest, datt scho vill Auslänner d‘Walrecht hunn, dovunner awer kee gebrauch maachen. Et misst ee sech den Ursaache vun dësem Verhalen zouwennen. Un der Sprooch eleng kann et jo wuel net geleeë sinn.

Fir d‘Piraten, déi selwer schonn ee Gesetzesentworf ausgeschafft haten, ass et héich Zäit ginn, datt een endlech esou eppes Walvernonft Opweises huet. Den Deputéierte Sven Clement huet dann awer scho bedenken, betreffen d‘Auswäitung vum Zougrëff op d‘Wielerlëschten an de Gemengen. Dat wier net mam parteilechen Dateschutzverständnis vereenbar. Et bleift folgerichteg komplizéiert.

Illustratioun: © Bernd Kissel / Deutscher Bundestag

Related topics Demokratie, Kommunalwalen 2023, Matbestëmmung, Politik, Walrechtsreform
Next post Previous post