Search

You may also like

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland
Neiegkeeten

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland

Nach iert de Coronavirus dem russesche Gesondheetssystem de Stecker gezunn

Dës Kierche bleiwen definitiv am Duerf! Mee a wéi engem?
Neiegkeeten

Dës Kierche bleiwen definitiv am Duerf! Mee a wéi engem?

[onionbuzz quiz-id=140][/onionbuzz] Et vergësst een et gären, mee am Fong

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt
Neiegkeeten

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt

Zanter 2010 ass et gewosst, mee et schéngt kaum een

Kommunikatioun mat Mondschutz – bal wéi een Hond ouni Schwanz

Kommunikatioun mat Mondschutz – bal wéi een Hond ouni Schwanz

Säit dem 20. Abrëll 2020 muss een zu Lëtzebuerg eng Schutzmask droen, wann de Sécherheetsofstand tëscht zwou Persounen net garantéiert ka ginn. Duerch de Mondschutz just dat halleft Gesiicht ze gesinn ass dobäi net nëmmen optesch ongewinnt. Nei Erausfuerderungen an der Kommunikatioun kommen op eis duer. Ee „wat gelift?“ riets, een „wat soss du?“ lénks, oder komplett ignoréieren – et huet ee schliisslech net matkritt, datt do ee mat engem schwätze wëll – gehéieren elo definitiv zum Alldag.

Vun einfache chirurgesche Masken, bis hin zu selwer gebitzte Meeschterwierker kann ee beim Akafen all Typ vu Mask untreffen. Duerch d’Verdecke vum Mond kommen dobäi d’Aen méi eraus. A bekanntlech schwätzen déi jo hir eege Sprooch. Mat engem einfache Bléck kënne mir vun Zweiwel, iwwer Freed bis hin zu Trauer oder och Zoustëmmung verschidde Gefiller ausdrécken.

De Groussdeel vun eiser Kommunikatioun geschitt onbewosst. Mir Mënsche si gewinnt, datt eng Villzuel u Kanäl – Kierpersprooch, Haltung, Gestik, Mimik – ouni nozedenke verbonne ginn, a mir esou de Géigeniwwer verstinn. Enger Etüd vum Allensbach Institut aus dem Joer 2016 no, géifen esou Gestik a Mimik 55 % vun der Kommunikatioun ausmaachen, 26 % d’Stëmm an 19 % den Inhalt vum Geschwatenen.

Mondschutz

© fotografierende / Unsplash

Et hänkt alles zesummen

Bléckkontakt ass nu emol just frëndlech, wa mir och ee Laache gesinn. T’ass schwiereg, d’Gespréich an de Kontext ze setzen, ouni de Mond, als grouss Informatiounsquell a wichtege Kanal fir déi non-verbal Kommunikatioun, ze gesinn.

Duerch d’Feele vun engem Kanal gi mir an diversen Weise méi schlecht verstanen. Ënnert anerem héiert een net direkt, wann een ugeschwat gëtt. Et muss ee sech wärend dem Gespréich méi konzentréieren an och d’Stëmmung vum Gespréichspartner kënne mir net gutt aschätzen.

Besonnesch fir Persounen déi schwéier oder guer net héieren, bedeit dëst ee grousse Problem. Dem Deutschen Gehörlosen-Bund no spillt Lëppeliesen bei Schwéierhéierenden oder dafe Persounen just eng ënnergeuerdent Roll. Bei optimale Bedéngunge kénnt een duerch Lëppeliesen knapp 30 % vum Gespréich „verstoen“, vill Wieder sinn sech einfach ze ähnlech. An awer bestätegt d’Beweegung vum Mond dat, wat mir ausdrécke wëllen.

Mondschutz

© Victor He / Unsplash

An elo?

Dat éischt Gespréich mat Schutzmask ass fir jiddwereen ongewinnt. Allerdéngs ass et eng Gewunneschtssaach – mir léieren mat der Zäit, op aner Kanäl zeréckzegräifen an eis selwer méi däitlech ze artikuléieren. Do mussen wuel elo d’Aen méi staark fonkelen, de Bléck nach méi béis ginn, d’Hänn vill méi ronderëm fuchtelen.

Wie schwéier héiert, deen huet e puer Optiounen:

  • Stëft a Pabeier: Et gëtt geroden am viraus opzeschreiwen – sou fern et natierlech méiglech ass – wat een beispillsweis am Supermarché de Verkeefer froe wëll. Fir ee spontant Gespréich lount et sech ee Block an eppes fir ze schreiwen bei Hand ze hunn.
  • Mask mat Siichtfënster: Mat duerchsiichtege Materialien kann eng Fënster an d’Schutzmask agebaut ginn. Dës Optioun huet allerdéngs divers Nodeeler. Oft besteet dës Fënster aus Plastik, beschleit doduerch schnell, an esou Gesäit een weder de Mond gutt, nach kann een normal otmen. Donieft sinn d’Materialien eventuell gesondheetsschiedlech.
  • Sprooch-zu-Text Apps: De geschwatene Saz kann, duerch modernst Technik, mëttlerweil zum Text ëmgewandelt ginn. Applikatioune fir den Handy maachen et méiglech. Eng Garantie, datt d’Lëtzebuerger Sprooch beim System funktionéiert, gi mir awer net. Hei fannt Dir e puer Virschléi: giga.de

Datt mir am ëffentleche Raum eng Mask droe mussen, kann een net änneren. Wat een awer ännere kann, dat ass déi perséinlech Aart a Weis mat der ageschränkter Kommunikatioun ëmzegoen. Dréckt Iech mat den anere Kanäl méi extrem aus a sidd dem Géigeniwwer net béis wann en Iech net direkt versteet. Virun allem awer: Haalt Iech gesond!

Opmaacherbild: © Nick Bolton / Unsplash

Related topics Ausdrock, Erausfuerderungen, Gespréich, Gestik, Kommunikatioun, Lëppeliesen, Mimik, Mond, Mondschutz, Problemer, Schutzmask, Sprooch-zu-Text
Next post Previous post