Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020
Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn
Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn
E Mëttwoch huet de Kongress vu Florida e Gesetz gestëmmt,
De Pabeier deen hei als „Gouvernance électronique 2021-2025“ virgestallt gëtt,
Zanter wéinst dem Asaz vu private Sécherheetsentreprisen an der Stad eppes schlecht Stëmmung opkomm ass, an d‘Police jo beim beschte Wëllen net alles reegele kann, huet et Léisunge gebraucht, déi all de concernéierten Intervenanten an dësem Dossier entgéint kommen.
Um haitege Mëttwoch huet d‘Inneministesch dann elo d‘Reform zur Stäerkung vun de Kompetenze vun de kommunalen Agenten (Pecherten) presentéiert. Grondsätzlech géif et dobäi an éischter Linn drëms goen, kleng Incivilitéiten an allgemeng Verstéiss, déi eng administrativer Sanktioun no sech zéien, opzehuelen an noutfalls ze protokolléieren.
Mat den Amendementer am Gesetzprojet 7126 ginn och déi Infraktiounen – et sinn der 17 un der Zuel – opgefouert, déi d‘Gemengen an hir Policereglementer aglidderen dierfen. Dës Verstéiss kënnen dann esouwuel vun de kommunalen Agenten, wéi natierlech och vun der Police verfollegt ginn. Et handelt sech dobäi ëm Infraktiounen déi eng administrativ Strof am Beräich vu 25 bis 250 Euro mat sech bréngen. Dat entlaascht d‘Police.
Bei dësem juristesche Schachzuch, deen duerchaus sënnvoll ass, gëtt engersäits de Beruff vum kommunalen Agent valoriséiert an anersäits kann sech d‘Police op hir Käraufgabe konzentréieren. Zousätzlech gëtt d‘Sécherheet reell, an net nëmme „gefillt“ mat néidege Seriö erhéicht. Elo muss et eigentlech nach just an der Chamber gestëmmt ginn.
Foto: © MINT