Search

You may also like

Fonds-de-Gras: 50 Joer sinn ee laangen Dag
International Neiegkeeten

Fonds-de-Gras: 50 Joer sinn ee laangen Dag

Den „Train 1900“ a soumat de Minettpark hunn e Sonndeg

CSV: Keng Finanzausfäll fir d’Gemengen!
International Neiegkeeten

CSV: Keng Finanzausfäll fir d’Gemengen!

Duerch de Circulaire vum 8. Mee huet d’Inneministesch de Gemenge

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!
International Neiegkeeten

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

D’Gesetzesännerung zum Taxiwiesen huet net nëmme positiv Aspekter mat sech

Komplizéiert Maghreb-Diplomatie

Dat „demokratescht“ Kinnekräich Marokko an déi „Demokratesch a Populär Republik“ Algerien leien sech an den Hoer

Komplizéiert Maghreb-Diplomatie

Marokkaner an Algerier hu sech, streng geholl, nach ni matenaner verdroen. Villes huet ee reliéisen a wuel och kloer radikalen Hannergrond. Zudeem schéngt et den Dirigenten ze gefalen, hir Vëlker openaner ze hetzen. Erfreelech datt et soss gutt leeft op der Welt…

Zanter Joerzéngte leien sech Algerien a Marokko an den Hoer. Dës Noperen, déi sech ëmmer nees gären op d‘Wäerter vum friddlechen a solidareschen Islam beruffen, hunn awer offensichtlech eng differenzéiert Interpretatioun vum Begrëff „Wäerter“. Méi konkret huet den arabeschen Dissens am Maghreb ee ganz banale Grond: territorial Uspréch an eppes Geopolitik (Westsahara) si gemengt.

Dat marokkanescht Kinnekshaus beusprocht den Territoire deen als Westsahara bekannt ass, schonn zënter Éiwegkeeten. Et muss een also kuerz zeréckblécken. Bei de Kongokonferenz 1884, hunn sech déi europäesch Kolonialmuechte grouss Deeler vum afrikanesche Kontinent „opgedeelt“. An dësem Kontext gouf Spuenien de westlechen Deel vun der Sahara iwwerlooss (Spuenesch Sahara).

Spunien huet sech an de 70er Jore vum leschte Joerhonnert, nodeems de charismateschen Diktator Francisco Franco de Jordan iwwerschratt hat, aus der Géigend verzunn. Dës fräi Fläch gouf du vun der Polisario (Volleksfront zur Befreiung vu Saguaia el-Hamra an el-Hamry y Rio de Oro) – 1973 gegrënnt – beusprocht. Uspréch déi och Mauretanien a Marokko fir sech geltend maache wollten.

An esou gouf, wéi et sech fir ziviliséiert Communautéite gehéiert, zu de Waffe gegraff. Zanter 1991 huet et esou eppes wéi ee Waffestëllstand, tëscht dem Kinnek sengen Zaldoten an de Rebellen an de Westsahara. Algerien, datt sengerzäit schonn seng Onofhängegkeet vu Frankräich erkämpft hat, hat ëmmer schonn een Zant géint d‘Monarchie, an huet sech entscheet d‘Polisario maximal ze stäipen.

Wat huet sech dann elo verännert?

Um Dënschdeg huet den Ausseminister vun Algerien Ramtane Lamamra verkënnegt, datt déi scho schlecht diplomatesch Bezéiungen, elo voll a ganz agestallt géifen. An hie begrënnt dat wéi follegt: „De marokkanesche Geheimdéngscht féiert ee schänterleche Krich géint Algerien, säi Vollek a seng Leader. Dat marokkanescht Kinnekräich huet d‘Feindséilegkeeten ni agestallt“. Wat ass gemengt?

Ma esou zimmlech alles: ugefaange beim Krich vun 1933, deemools nach ënnert der Direktioun vu franséische Genereel. Dann déi schonn ernimmte Westsahara a finalement, den traditionellen Haass deen d‘Algerier de Judden entgéintbréngen. Marokko huet jo sengersäits d‘Bezéiungen zu Israel aus manifeste wirtschaftspolitesche Grënn berengegt. Dat verkläert déi algeresch Regierung als Verrot.

Mee et sinn net nëmmen d‘Algerier déi hei unzeprangere sinn. Wann der zwee sech Streiden, huet et meeschtens eng gedeelte Schold, mee esou eppes ass dem friddlechen Islam bekanntlech friem. Datt de rezente Besuch vum neien israeleschen Ausseminister Jair Lapid, elo wuel eppes weider Misär mat sech bruecht huet, bezitt sech op déi „nei“ aussepolitesch Ausriichtung vun Israel.

Esou haten de Jair Lapid a säi marokkaneschen Homolog, Nasser Bourita, oppe kritesch géint den iraneschen Afloss an der Regioun ausgeschwat, deen angeblech vun Algerien (Moslemesch Bridder) matgedroen, oder zumindest aktiv toleréiert gëtt. Wat dann elo Aktivitéite vum marokkanesche Geheimdéngscht betrëfft, esou huet et hei kloer en Zesummenhang mam Programm „Pegasus“.

Zionistesch Weltrevolutioun?

Interessant am Kontext „Pegasus“, ass wuel manner, datt et eng luewenswäert a profitabel Aktioun ass, déi angeblech eppes mat der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Finanzplaz a Regierung a ville Länner „organiséiert“ ginn ass, wéi de Fait, datt zu Rabat kee wësse wëll wat Pegasus ass. Et wier ersiichtlech datt Marokko, wéi Lëtzebuerg virdrun, sech ni op esou en Handel agelooss hätt.

Marokko wier fir de Fridden an der Welt engagéiert Monarchie. Algerien dogéint, esou soll et elo jiddefalls den Androck hunn, géif sech als leedend Natioun vun alle Staaten opstellen, déi sech géint eng Normaliséierung vun de Bezéiunge mat Israel allgemeng, an den Zionisten am speziellen, verbonnen hunn. Verständlech, well an Algerien sinn 99% vun de Bierger bekennend Antisemitten.

Zu Rabat, wou een sech sécher ass vun der Weltgemeinschaft gedroen ze ginn, gëtt den Dissens bedauert. D‘Virwërf wieren absurd, esou déi marokkanesch Regierung, déi virgëtt och entgéint der politescher Decisioun vun der algerescher Regierung, ee loyale Partner vum algeresche Vollek ze sinn. Datt Marokko d‘Autonomiebestriewunge vun de Berber ënnerstëtzt ass wuel just en Detail.

Ob et hei zu engem bewaffente Konflikt komme kéint? Sécher, béide Parteien ass wäit méi wéi just e Krich zouzetrauen, woubäi si dann op friemlännesch Hëllef ugewise wieren. Op Frankräich géif matmaachen? Paräis kéint u béide Regierung mat militärescher Ausrëschtung gutt Geld verdéngen an och Israel, ass iwwert all Waffendeal erfreet. Si verfüge jo iwwer ee ganz modernt Arsenal…

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Jessica Arias / unsplash

Related topics Algerien, Diplomatie, friddlechen Islam, Geheimdéngscht, Israel, Marokko, Pegasus
Next post Previous post