Search

You may also like

Räif, räif, iwwerräif* – fir dräi kleng Buschtawen (Lieserbréif)
Uncategorized

Räif, räif, iwwerräif* – fir dräi kleng Buschtawen (Lieserbréif)

Eigentlech si mir nach guer net un der Zäit vun

Bestietnes fir jidderee um gudde Wee
Uncategorized

Bestietnes fir jidderee um gudde Wee

UPDATE D’Bestietnes fir jidderee gouf mat 393 Stëmmen dofir an

Eng Hongersnout aus politeschem Kalkül
Uncategorized

Eng Hongersnout aus politeschem Kalkül

An der ethiopescher Konfliktregioun Tigray sinn d‘Bierger vun de Liewensmëttel

Konditioune Gewënnspill Solarboot 2021

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Freides, den 16. Abrëll 2021 um 12:00 Auer un an hält Freides, den 23. Abrëll 2021 um 09:45 Auer op.

De Präis

Verloust ginn 1 x 2 Ticketen, fir en Tour mam Solarboot um Stauséi ze fueren.

Wéi kann ee matmaachen?

  • Gitt Facebook-Fan vu Moien.lu an dem Naturpark Öewersauer
  • Hannerloosst een „Domm erop“ beim Beitrag vum Gewënnspill
  • Markéiert déi Persoun, déi Dir géift op d’Solarboot mathuelen
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt e Freideg, den 23. Abrëll um 10:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 1 x 2 Persounen. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Gewënner ginn uschléissend op eiser Säit (dem dozou passenden Artikel) uginn.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. 

Wéi erhaalt Dir Äre Präiss?

Mir kontaktéieren Iech per Privatnoriicht, a benéidegen eng Adress, wou de Bong higeschéckt gëtt. Ëm de Versand vum Bong këmmert sech den Naturpark Öewersauer. All Informatiounen, wéi Dir buche kënnt, fannt Dir dann an der Enveloppe.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis zum 25. Abrëll 2021 um 10:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. D’Adress gëtt just gefrot, fir den Artikel ze verschécken an net gespäichert.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Related topics Gewënnspill, Konditiounen, Naturpark Öewersauer, Solarboot, Stauséi
Next post Previous post