Basket-Welt am Trauer
Hie war een vun de beschte Basketspiller deen d‘Welt jee
D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15. Februar
Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famillen sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.
De Concours fänkt Mëttwochs, den 16. Oktober 2019 um 16:00 Auer un an hält Méindes, den 21. Oktober um 14:00 Auer op.
Verloust ginn 3 x 1 Sixpak vum MELLIS Hunnegbéier.
Besicht eis Säit op Facebook a gitt Fan vu Moien, hannerloosst ee Like beim Beitrag a markéiert déi Persoun(en), mat där Dir dëse Béier gäre schmaache géift. D’Deelen vum Gewënnspill ass kee Muss, awer gäre gesinn.
Zu gudder Lescht beäntwert Dir folgend Fro:
„Aus wéi enger Kooperatioun eraus ass de MELLIS Hunnegbéier entstanen?“
D’Gewënnspill gëtt en Méindeg um 15:00 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 3 x 1 Persounen. Fir eng fair Auslousung ze garantéieren gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. D’Auslousung gëtt als Beweis op Facebook, wéi och um Site gepost.
De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert.
Sollt de Gewënner bis zum 23. Oktober 2019 um 8:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.
D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.
Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op Facebook verëffentlecht.
Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.
Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss
D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.
Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel