Search

You may also like

USA vs Iran: …elo gëtt sech de Medien ugeholl
Uncategorized

USA vs Iran: …elo gëtt sech de Medien ugeholl

Nodeems den neie President vun der islamescher Republik Iran, Ebrahim

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!
Uncategorized

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!

A bemol war d’Welt giel! Um 19. Abrëll 1987 haten

Sanktioune géint Russland: Den „Indizie“ Prozess (Kommentar)
Uncategorized

Sanktioune géint Russland: Den „Indizie“ Prozess (Kommentar)

Wann een einfach emol Abstraktioun dovunner mécht, datt et vill

Konditiounen Gewënnspill am Kader vum Weltdag vum Buch 2021

Wien dierf deelhuelen?

Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min. 18 Joer) deelhuelen. D’Membere vu Moien News Media S.A., sou wéi hir Famille sinn vum Gewënnspill ausgeschloss.

Zäitraum vum Gewënnspill

De Concours fänkt Freides, den 23. Abrëll um 16:00 Auer un an hält Méindes, den 30. Abrëll 2020 um 16:00 Auer op.

De Präis

Verloust gi folgend Bicher:

  • Madame Bovary vum Gustave Flaubert
  • Miss Bensons Reise vum Rachel Joyce
  • Die Mitternachtsbibliothek vum Matt Haig

Wéi kann ee gewannen?

  • Besicht eis Facebook-Säit a gitt Fan vu Moien.lu
  • Hannerloosst een „Domm erop“ beim Beitrag vum Gewënnspill
  • Kommentéiert mam Buch, dat Dir gäre liese wëllt
  • Markéiert ee Kolleg, deen och d’Passioun fir Bicher deelt
  • Deelen ass kee Muss, awer gäre gesinn

Wéi a wéini gëtt de Präis ausgeloust?

D’Gewënnspill gëtt e Freideg, den 30. Abrëll um 16:30 Auer ausgeloust. Gewanne kënnen 3 x 1 Persoun. Fir eng fair Auslousung ze garantéiere gëtt mam Web-Tool “Glücksfee” geschafft, deen eegestänneg, schnell an zouverlässeg ee Gewënner ermëttelt. De Gewënner gëtt op Facebook, wéi och um Site gepost.

Wéi gëtt de Gewënner kontaktéiert?

De Gewënner gëtt vu Moien News Media S.A. per Privatnoriicht iwwer Facebook kontaktéiert. Duerch Arnaquen, déi ander Lescht ëmmer méi oft opkommen, weise mir drop hin, datt just d’Säit “Moien.lu” (“Moien-Punkt-Lu” gelies) de Gewënner kontaktéiert.

Wat geschitt, wann de Gewënner sech net mellt?

Sollt de Gewënner bis Sonndes, den 2. Mee um 10:00 Auer kee Kontakt zu Moien News Media S.A. ophuele verfält de Gewënn an een neie Gewënner gëtt ausgeloust. Dat selwecht gëllt am Fall wou de Gewënner falsch Kontaktdaten iwwermëttel an d’Iwwergab vum Präis dofir net méiglech ass.

Wien organiséiert d’Gewënnspill?

D’Organisatioun ënnerläit Moien News Media S.A., enger Lëtzebuerger Online-Zeitung.

Dateschutz

Heimadder ënnersträicht Moien News Media S.A., datt d’Date vun de Persounen, déi um Gewënnspill deelhuelen, just fir de Concours genotzt a just zum Zäitraum vun dëser Aktioun gespäichert ginn. Fir d’Auslousung gëtt just den Facebook-Numm genotzt. Dës Date gi spéitstens 1 Mount nom Enn vum Gewënnspill geläscht. Den Numm vum Gewënner gëtt um Site (www.moien.lu), sou wéi op Facebook verëffentlecht.

Virbehalungsklausel

Moien News Media S.A. Behält d’Recht d’Gewënnspill unzepassen, ze änneren oder ofzebriechen, wann et noutwenneg sollt sinn. Vun dëser Méiglechkeet mécht Moien News Media S.A. Just Gebrauch, wann aus Grënn, déi mir net beaflosse kënnen, aus technesche Grënn (z.B. Manipulatioun oder Feeler an der Hard- an/oder Software) oder aus rechtleche Grënn eng uerdentlech Duerchféierung vum Spill net méiglech ass. Moien News Media S.A. Haft net am Fall vu Verloscht, Schued a Verspéidungen, déi duerch Ëmstänn ervir geruff ginn, déi ausserhalb vun eisem Verantwortungsberäich leien.

Eng boer Auszuelung vum Gewënn ass net méiglech. De Präis kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn. De Rechtswee ass ausgeschloss

D’Gewënnspill steet a kenger Verbindung zu Facebook a gëtt a kenger Aart a Weis vu Facebook gesponsert, ënnerstëtzt oder organiséiert. Déi gesamt Aktioun gëtt erméiglecht duerch Moien News Media S.A., déi sech verflicht, dëse Concours op legaler a fairer Basis ze organiséieren, ee Gewënner auszelousen an de Präis ze verschécken.

Moien News Media S.A.
70, rue des Présentation
L-7333 Stesel

Related topics Gewënnspill, Konditiounen, Weltdag vum Buch
Next post Previous post