Search

You may also like

Wäissrussland: 99 Protestdeeg!
International Neiegkeeten

Wäissrussland: 99 Protestdeeg!

Zanter dem Walbedruch vum 9. August ginn d‘Bierger a Wäissrussland

Bausecteur erzwéngt parlamentaresch Fro
International Neiegkeeten

Bausecteur erzwéngt parlamentaresch Fro

D‘ULC hat et an engem Communiqué zimmlech däitlech duergestallt: Am

Jughurtsfabrick, Datenzenter an ee Militärsatellit
International Neiegkeeten

Jughurtsfabrick, Datenzenter an ee Militärsatellit

Den Etienne Schneider huet als Vizepremier-, Wirtschafts- a Verdeedegungsminister eng

Konflikt an der Karibik bréngt Steemetzer an de Schweess

Op der Insel Hispaniola ass tëscht de Regierunge vun Haiti an der Dominikanescher Republik eppes Gas an der Leitung, firwat elo soll eng Mauer opgeriicht ginn

Konflikt an der Karibik bréngt Steemetzer an de Schweess

Mat Haiti am Westen an der Dominikanescher Republik am Osten, gehéiert d‘Insel Hispaniola zu de gréisseren an de Karibik. Et ass allgemeng eng appreciéiert Vakanzendestinatioun, mee et huet ganz vill Aarmut op der Insel, a besonnesch Haiti schéngt sech, zanter dem Äerdbiewe vun 2010, weder politesch nach wirtschaftlech ze erkréien. Hei jot eng Kris déi aner…

An déi sëllege Krise bei den Noperen – d‘Oppositioun fuerdert de Récktrëtt vum President an et huet masseg Onrouen – dréiwen den Dominikaner d‘Suergefalen op d‘Stir. Si fäerten datt et nees zur Masseflucht kënnt an si sech da mat de Refugiéeën ëmklappe mussen. Fir de President Luis Abinader, dee kierzlech gewielt gouf a politesch nach net näischt Opweises huet, ee Problem.

Ee gewaltege Problem, bezunn op de Constat, datt déi Dominikanesch Republik selwer an richteg grousse Problemer stécht. Ouni Touriste kee Goss, an ouni Goss keng Freed… esou einfach léisst sech der Insel hiren Haaptproblem resuméieren. An dann ass een an der Politik ukomm, wou et jo méi einfach ass sech mat Scholdzouweisungen ze verdeedegen, wéi Léisungsvirschléi virzeleeën.

Datt eng „Mauer“ méi Problemer mat sech bréngt wéi se der léise kann, sollt een net mussen ëmmer nees erklären, mee Politik ass ee Spill mat „einfachen Äntwerten op komplex Froen“. An de Luis Abinader ass ee Populist viru senger Här, an huet sech dovunner iwwerzeege gelooss, datt de Bau vun enger Mauer, eng Garantie zum Schutz vun den Aarbechtsplazen ass. Leider stëmmt dat net…

Total Iwwerwaachung

Esoulaang een engem aneren d‘Schold kann zouweisen, et Bierger huet déi engem d‘Ligen ofkafen an d‘Weltgemeinschaft generell wéineg Interessi um Aarmut huet, gi Politike wéi déi vum Luis Abinader op. Woubäi déi 380 Kilometer laang Grenz, schonn „zimlech“ ëmfänglech geséchert ass. An awer soll se vollstänneg befestegt a mat allem wat d‘Technik ze bidden huet, ausstafféiert ginn.

No enger „Wirtschaftskris“ an der Dominikanescher Republik héiert et sech wuel net un, mee de Luis Abinader hält de bau vun enger Mauer nom trumpsche Virbild: héich Maueren, Zonk-Reien, Infrarout- a Wiermebildkameraen… am léifste wuel och Selbstschossanlagen, fir eng Investitioun an d‘Zukunft. Geld dat weder hien nach säi politesch-wirtschaftlecht Ëmfeld mussen opbréngen.

Dem Luis Abinader seng grouss Chance, dee gréissten Deel vun der Bevëlkerung ass schlecht bis guer net gebilt, an da spillt d‘Geschicht vun der Insel Hispaniola och nach eng Roll. Op Haiti hat 1804 den éischten erfollegräiche Sklavenopstand stattfonnt. Sengerzäit goufen déi franséisch Kolonialhären zolidd widder de Kapp geschloen, an hunn den neien Häre missen d‘Muecht ofginn.

Hiren Exkurs an déi Dominikanesch Republik huet zum Massaker gefouert. Frankräich hat seng Lektioun geléiert, an wie rebelléiert huet gouf ermuerkst. Et ass am „Kampf“ op béide Säiten zu Gräisslechkeete komm an dësen „Trauma“ huet bis haut Bestand. An och dat ass natierlech ganz däitlech mat Bildung a Wësse verbonnen. Dommer loossen sech wierklech besser manipuléieren.

Deen „anere“ Rassenhaass

Méi generell dierf drop higewise ginn, datt d‘Dominikaner „éischter hellhaiteg Baaschterte“ sinn, spuenesch Schwätzen an an engem Land liewen, dat wuel net räich ass, mee ee Staatswiesen huet, dat eenegermoosse funktionéiert. Déi Dominikanesch Republik huet an den 80er d‘Demokratie fir sech entdeckt. Et gëtt esouguer behaapt, datt d‘Land eng stabil an diversifizéiert Wirtschaft huet.

Dovunner huet et an Haiti net emol den Usaz. Hei sinn d‘Bierger „schwaarz“, kënne kaum liesen a schreiwen, hier kreolesch gëllt als „flexibel“. Eng Regierung, esou wéi mir et géifen definéieren, dat gëtt et an Haiti net, a béis Zonge behaapten, datt am Verglach zur haitianescher Politik „Anarchie“ ee perfekt funktionelle politesche System ass. D‘Grenz hei, trennt wierklech „schwaarz vu wäiss“.

Wann elo Rassismus an Aarmut déi primär Problemer sinn, déi d‘Mënschen alleguerten op der Insel betreffen (et ass awer keen do deen hinnen dat seet) esou huet et nach eppes, wat zu weiderem Sträit féiere wäert. D‘Insel Hispaniola huet et massiven Ëmweltproblem, dat natierlech och nees op dem haitianeschen Deel. A well een op enger Insel an net zesummen an engem Boot sëtzt, ass et egal?

Zu Haiti goufen an enger éischter Phas d‘Bëscher ofgeholzt, deels esouguer fir Brennholz ze hunn, mee et goufen ni nei Beem geplanzt, well dat Wësse virausgesat hätt. Esou huet bannent eppes méi wéi engem Joerhonnert, d‘Ëmwelt Haiti „Äddi“ gesot. Landwirtschaft ass op dëse Biedem fir laang Zäiten net méiglech. Et ka folgerichteg eigentlech nëmme besser ginn, wann een zesummeschafft.

An déi international Gemeinschaft – wou se oft gutt Gedanken hunn, déi dann um Enn awer net zortéiert kréien – huet vill Goss an Haiti (besonnesch an déi korrupt Politiker) investéiert, dobäi awer bewosst déi Dominikanesche Republik bausse vir gelooss. Et war an et ass evident, datt een Hispaniola als Ganzes muss betruechten, et gouf awer leider d‘Ausenanersetzung privilegiéiert…

mat indymedia/puj

Related topics Dominikanesch Republik, Haiti, Karibik, Kooperatioun, Mauer
Next post Previous post