Search

You may also like

Fräisproch fir den Donald Trump
Neiegkeeten

Fräisproch fir den Donald Trump

Am Amtsenthiewungsverfare géint de fréieren US-President, huet den US-Senat de

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt

Um Kaffisdësch vum Stater Schäfferot, ass een um Mëttwoch nees

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…
Neiegkeeten

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…

Déi neigewielt Däitsch Grenzgängerkommissioun vum LCGB huet an hirer éischter

Kierchbierg: E Kongress- an Ausstellungszentrum fir international renomméiert Evenementer

Kierchbierg: E Kongress- an Ausstellungszentrum fir international renomméiert Evenementer

Am Beräich vun de professionellen Evenementer weist eist Land grousst Potential fir international erauszestiechen. 2028 lafen d’Kontrakter vun der Luxexpo SA „The Box“ aus a genee dëse Site soll reamenagéiert an un déi spezifesch Besoinen ugepasst ginn.

D’Regierung huet sech als Zil gesat Lëtzebuerg ënnert déi Top 50 vun de weltwäiten Destinatiounen am professionelle Beräich ze drécken, mat Qualitéit an nohaltege Partner opzefalen, an esou och d’Wirtschaft staark unzekuerbelen. Mam Bau vun engem groussen Zentrum sollen dofir international renomméiert Evenementer organiséiert ginn.

Ma, fir d’Aktivitéite vun der Luxexpo SA net ze stéieren, wäerten d’Aarbechten a Phasen duerchgefouert ginn. Wéi de François Bausch, Minister fir ëffentlech Aarbechten, erkläert huet, wéilt een de Site net ze erdréckend gestalten, mee am Eeschtfall an d’Héicht baue fir um Buedem méi Fräiraum ze loossen.

„Zil vun dëser urbanistescher Erneierung ass et Wunnraum ze kreéieren an den opfällegen Desequiliber tëscht der aktiver Populatioun an de Residenten vum Plateau Kierchbierg ze reduzéieren. Den neie Quartier gëtt wéi en städteschen Zenter gebaut a wäert verschidden attraktiv Punkten opweisen, mat Butteker an verschiddensten Offeren fir d’Fräizäit“, sou de Minister Bausch.

Fir den Tourismusminister Lex Delles wier de Bau vun esou engem Zenter fir Kongresser an Ausstellungen net nëmmen e Mëttel fir d’Potential vu Lëtzebuerg ervirzehiewen, mee och fir den ekonomesche Secteur weider ze entwéckelen.

Opmaacherfoto: Luxexpo The Box / Facebook

Related topics Francois Bausch, Kierchbierg, Kontrakter, Lex Delles, Luxexpo SA, Potential, professionell Evenementer, Wirtschaft, Zenter fir Kongresser an Ausstellungen
Next post Previous post