Search

You may also like

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss
Neiegkeeten

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss

Am Kontext vum Emmanuel Macron senger ëmstriddener Rentereform, huet et

Wat wëllen déi Konservativ?
Neiegkeeten

Wat wëllen déi Konservativ?

Um Dënschdeg Owend hat déi kierzlech vum Joe Thein gegrënnte

surprise
Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist
Neiegkeeten

Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist

Während mir zu Lëtzebuerg mat engem Präisschëld op der Plastikstut

Virtuelle Kongress vun déi gréng: Elo iwwerhëlt d‘Jugend

No zéng Joer un der Spëtzt iwwergëtt de Christian Kmiotek den Zepter un de Meris Sehovic

Virtuelle Kongress vun déi gréng: Elo iwwerhëlt d‘Jugend

Déi sanitär Kris ass nach net ganz iwwerwonnen, firwat déi gréng hire Kongress am virtuelle Raum organiséiert hunn, an hei dierf een eppes ervirhiewen. An der grousse Videokonferenz hat sech och de fréiere Justizminister Felix Braz kuerz zu Wuert gemellt. Hien huet iwwert säi laangen Openthalt am Spidol geschwat an erkläert datt et him den Ëmstänn entspriechend besser géif goen.

Flott a begréissenswäert, hien huet den Androck gemaach datt et nees Biergop geet an schléisst net aus, beim nächste Kongress nees mat vun der Partie ze sinn a firwat net, eng vu senge gewinnte Rieden ze halen. Hien ass zudeem ganz frou net méi op de Rolator ugewisen ze sinn. No sengem Häerzinfarkt am August 2019, war laang Zäit ongewëss, op sech de Felix Braz erhuele kéint.

D‘Copresidentin Djuna Bernard huet dës Lektioun vu Courage a Kampfbereetschaft begréisst, an de Vizepremier François Bausch huet sech gefreet, datt de Felix Braz un dësem Kongress vun doheem aus konnt deelhuelen. Si hu jo och nieft der Politik ee ganz frëndschaftlecht Verhältnis. Esou huet de Kongress vun déi gréng mat enger duerchaus positiver Note ugefaangen, iert et politesch gouf.

gréngAm Fokus stoung och hei déi sanitär Kris, wéi och déi ze erwaardend Wirtschaftskris. Bezunn op déi lescht Sondagen, konnten déi gréng „politesch“ keen Avantage aus der Covid19-Pandemie zéien an och de François huet dës „schwiereg Zäiten“ erkannt. D‘Skandaler aus de leschte Méint hunn der Partei net gutt gedoen, wat awer net soll doriwwer ewechtäuschen, datt vill a gutt geschafft gouf.

Déi grouss Mobilitéitsrevolutioun gouf virugedriwwen, an de Beräicher Kultur a Justiz hätt d‘Sam Tanson eng gutt Aarbecht Opweises an a kierzt géif den Henri Kox säi Gesetzprojet fir de Logement an der Chamber deponéieren. Et wäert een awer nach eppes Gedold mussen hunn, bis een d‘Friichte vun dëser Politik genéisse kann, mee d‘Jalone wiere geluecht an elo wier et net fir nozeloossen.

Wann d‘Pandemie verhënnert hätt, datt ee méi an der Ëffentlechkeet hätt seng Iddie virstellen, esou wier et wichteg dës de Bierger ze presentéieren an d‘Beweegungsgrënn dozou verständlech ze erklären. Hien hätt allerdéngs Vertrauen an d‘Zukunft, an ass zouversiichtlech, datt de jonke President Meris Sehovic mat senger Ekipp, dëser Aufgab och wäert gerecht ginn.

gréngDe Christian Kmiotek huet drop verwisen, datt nom Reen och d‘Sonn nees ervirkënnt, an et an der Politik net ëmmer einfach ass. De Meris Sehovic wëll elo d‘Bierger op eng nei, eng besser Zukunft virbereeden. E groussen Deel vu senger Reid war der schwedescher Aktivistin Greta Thunberg gewidmet, där et gelongen ass ee Mouvement op d‘Been ze stellen, dee matschwätze kann.

Et wier jo och kengem Friem, datt d‘Klimakris déi gréissten Erausfuerderung fir d‘Mënschheet ass, och wann e Virus seng Präsenz den Ament besser affirméiert kritt. De neie President wëll awer och d‘Partei nei opstellen a se virun allem och „net-Lëtzebuerger“ opmaachen. De Christian Kmiotek hofft sengersäits, datt sech d‘Partei méi professionaliséiert, wëll de Benevolat gëtt net méi duer.

Related topics Christian Kmiotek, déi gréng, Djuna Bernard, Felix Braz, François Bausch, Kongress, Meris Sehovic
Next post Previous post