Search

You may also like

Doudeger am Container schocken England
Neiegkeeten

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

money
Freedom Finance lancéiert seng Handelsplattform zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Freedom Finance lancéiert seng Handelsplattform zu Lëtzebuerg

No sengem éiergäizege Wuesstemsplang fir den europäesche Marché gëtt de

„Lëtzebuerg kann Zukunft“
Neiegkeeten

„Lëtzebuerg kann Zukunft“

Um Evenement vun der zukünfteger Ekonomie „Lëtzebuerg kann Zukunft“ konnt

Entspaant a gutt gelaunt: de Kongress vun déi lénk

Entspaant a gutt gelaunt: de Kongress vun déi lénk

D‘Covid19-Pandemie, d‘Klimakris, d‘Logementskris an och de parlamentareschen Deputéierten-Austausch waren natierlech Themen, déi um 18. Kongress vun déi lénk am Suessemer Schlass vill Plaz ageholl haten. Erfreelech awer och d‘Feststellung datt et keng intern Mësstéin ginn huet.

Wärend d‘Pandemie nach net eriwwer ass, an ee sech weiderhi géint eng Diskriminéierung vun den ongeimpfte Mënschen zur Wier setzt, ass et awer Klimakris an dat wat sollt ënenrholl ginn, fir dëser ze begéinen, déi eng gréisser Roll gespillt huet. De Klima wäert esou och zum zentralen Thema fir déi lénk an der Walcampagne fir d‘Parlamentswalen 2023 ginn. Elo géif et drëms eng Strategie fir dëse Projet op d‘Been ze stellen.

Zu de Grondlage gehéieren an dësem Kontext eng gesellschaftlech Reform déi op der sozialer Gerechtegkeet fousst. De ganze Programm fir dës als „eko-sozialistesch“ Politik ëmschriwwe Strategie soll bis Abrëll dat anert Joer stoen, esou zumindest den Usproch deen déi lénk an dësem Kontext u sech selwer stellt. Mee et gouf sech selbstverständlech och kritesch mat der Regierung beschäftegt, an et gouf ausgedeelt.

Dës Regierung gëtt als Iwwerhieflech an Arrogant beschriwwen, an et gëtt hir Ënnerstallt esouwuel am pandemesche Kontext wéi dem klimateschen, déi schwächst a vulnerabelst Mënsche guer net ze berécksiichtegen. Déi lénk ass vum politesche Genëschels net iwwerzeegt an wëll d‘Problemer vun der Gesellschaft elo direkt ugoen, an net weider Zäit verléieren. Eng Zäit déi et net huet. All Dag deen ee vergeet ass een ze vill.

Fir déi parlamentaresch Vertrieder vun déi Lénk, leeft d‘Regierung mat Scheiklappen duerch d‘Géigend an ass net op der Héicht sech den dréngleche Problemer mat néidege Seriö unzegoen. Interessant hei: déi lénk ass der Meenung, datt dat wat u Moossname wärend der sanitärer Kris ugewannt gouf, och fir d‘Klimakris an d‘Logementskris sollt gëllen. Dat dierft awer ausser de Pirate kee wierklech ënnerstëtzen.

Foto: © déi lénk

Related topics déi lénk, Eko-Sozialismus, Klima, Kongress, Logement, Pandemie
Next post Previous post