Search

You may also like

Wéi gutt kenns du dech mam Tram aus?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mam Tram aus?

[onionbuzz quiz-id=69][/onionbuzz] Zënter dem 10. Dezember 2017 fiert deen neien

Beirut: S.A.R. de Groussherzog dréckt säin déifst Bäileed aus
Kultur Neiegkeeten

Beirut: S.A.R. de Groussherzog dréckt säin déifst Bäileed aus

No der Explosioun zu Beirut huet S.A.R. de Groussherzog Henri

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…
Kultur Neiegkeeten

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…

Weltwäit gëtt d‘Applikatioun fir Smartphonen, déi sougenannten Tracing-App an iwwer

Konscht am Gronn: Déi éischt Expo vun dëser Saison ënnert fräiem Himmel

Konscht ass net nëmme schéin unzekucken, se ass och a virun allem eng Ausdrocksform.

Konscht am Gronn: Déi éischt Expo vun dëser Saison ënnert fräiem Himmel

E Sonndeg, de 4. Juli fënnt déi nei Expositioun vun der Konscht am Gronn statt. D’Initiativ huet esou e Succès, datt et schonn déi 16. Editioun ass, déi zanter engem Joerzéngt an enker Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

Konscht am Gronn fënnt all éischte Sonndeg vum Mount (bis Oktober) statt, d’Ëffnungszäiten si vun 10 bis 18 Auer. Selbstverständlech mussen déi sanitär Sécherheetsmoossnamen agehale ginn, ma dorunner misste mir eis jo well gewinnt hunn.

An engem pittoreske Kader sou wéi enger familiärer a frëndlecher Atmosphär bitt dës Ausstellung de Visiteuren d’Méiglechkeet eng Villzuel vu Konschtwierker an originelle Kreatiounen (Biller, Zeechnungen, Skulpturen, Keramik a Fotoen) vun zwanzeg ënnerschiddleche Kënschtler ze entdecken. Et gëtt esou vill ze gesinn, datt et mol net de Kanner langweileg wäert ginn …

National an international Museker suerge fir de kulturelle Kaderprogramm, e Besuch an d’Uptown Bar lount sech.

An dësem Kontext muss nach drop higewise ginn, datt d’Buslinn 23 a béid Richtungen ëmgeleet gëtt, och den Arrêt Stadgronn Bréck gëtt net bedéngt. Op der Stater Gare um Quai 1 fiert allerdéngs d’Navette 23 an de Gronn, d’Horairë sinn dobäi d’selwecht wéi déi vun der Buslinn 23. Et sinn och Strosse fir den Autosverkéier gespaart, d‘Detailer huet et HEI

Bleift nach ze soen, datt den Entrée fräi ass, Iessen an Drénke sinn a verschiddene Commercen am Gronn disponibel. Weider Informatioune fannt Dir hei: www.konschtamgronn.lu

Illustratioun: © Gustavo Centurion / unsplash

Related topics Ausstellung, Gronn, Konscht, Konscht am Gronn, Kultur, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post