Search

You may also like

Dem François Bausch säin Termin zu Ljubljana
Kultur Neiegkeeten

Dem François Bausch säin Termin zu Ljubljana

D‘Gespréicher hu sech essentiellement op d‘Gestioun vun de Krisen, d‘Partenariater

FFP2-Maske fir d’Enseignanten : just eng Marketingscampagne vum Educatiounsminister?
Kultur Neiegkeeten

FFP2-Maske fir d’Enseignanten : just eng Marketingscampagne vum Educatiounsminister?

D’Erkenntnis, dass de Virus sech och an de Schoule verbreet,

Neie Gesetzesentworf zu de Familljenzoulagen
Kultur Neiegkeeten

Neie Gesetzesentworf zu de Familljenzoulagen

Am Abrëll huet Lëtzebuerg vum Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun

Déi 14. Editioun vu „Konscht am Minett“

Mat der grousser Expo „Konscht am Minett“ gëtt net nëmmen eng immens artistesch Diversitéit gebueden, mee zousätzlech och den industrielle Patrimoine mat der Konscht verbonnen. Nach bis e Sonndeg, den 18. Juli 2021 presentéiere ronn 40 Artisten hir originell Kreatiounen.

Tëscht de Maschinne vun der fréierer Elektrizitéitszentral vu Paul Wurth am Fonds-de-Gras befanne sech vu Collagen a Fotoen, iwwert Molereien a Fotoen, hin zu Skulpturen a souguer Miwwelstécker eenzegaarteg Wierker. Ma, duerch de Choix vum Site kritt dës kollektiv Expo en heemelegen Charme, awer och besonnesche Charakter.

Kleng Detailer, verschidde Materialien a gréisser Elementer verweisen ëmmer nees op de Minett, säin industriellt Ierwen an d’Regioun mam roude Buedem. E speziellt Thema huet d’Ausstellung allerdéngs net, d’Artisten ware fräi auszedrécken, wat hir Imaginatioun hinnen an d’Ouer pëspert. Esou kënnt et, datt e groussen Tour duerch déi verschiddenst Liewensberäicher bereetgestallt gëtt.

An Erënnerung un de Patrick Bidoli, Matbegrënner vu „Konscht am Minett“, deen den 30. Juni 2020 verstuerwen ass, hänkt bei der Entrée e Plakat mat Fotoen a Widmungen. Zousätzlech dozou gëtt den 18. Juli eng Bluessession vu René Cavallini & Friends an der Brasserie de la Mine zu Lasauvage organiséiert.

D’Expo an der Hall Paul Wurth ass all Dag op vu 15:00 bis 19:00 Auer. Ma, wien d’Visitt an en Ausfluch verpake wëll, deen huet d’Méiglechkeet den Train 1900 ze notzen, sech weiderbilden a méi iwwert d’Industrie an d’Aarbecht an der Minn léieren an uschléissend en Tour iwwert de Giele Botter maachen. Vill Spaass!

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Ausstellung, Expo, Fonds-de-Gras, Hall Paul Wurth, Konscht, Konscht am Minett 2021, Patrick Bidoli
Next post Previous post