Search

You may also like

CSJ: D’Familljeministesch Corinne Cahen muss hirer Verantwortung endlech gerecht ginn!
International Kultur Neiegkeeten

CSJ: D’Familljeministesch Corinne Cahen muss hirer Verantwortung endlech gerecht ginn!

Säit bal engem Joer sëtzen eeler Leit eleng an hirem

Editorial: Brauch Europa en Debat zur Aféierung vun der Doudesstrof?
International Kultur Neiegkeeten

Editorial: Brauch Europa en Debat zur Aféierung vun der Doudesstrof?

D‘Zäite veränneren sech, déi Wäerter fir déi eis Elteren agestane

De brasilianesche President huet eng liicht Gripp
International Kultur Neiegkeeten

De brasilianesche President huet eng liicht Gripp

No engem Test am Militärspidol zu Brasilia, huet de faschistesche

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op

De Genoss vun enger Fruucht gëtt vun de reliéis-konservativen als obszön verkläert

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op

Eng Damm ësst eng Banann, dat och nach siichtlech mat Genoss a schonn zanter 1973. Ze gesi war déi Video-Installatioun vum Natalia „LL“ Lach-Lachowicz bis viru kuerzem am Nationalmusée zu Warschau. De neien Direkter vum Musée, Jerzy Miziolek, ass iwwerzeegt, datt d‘Wierk „Consumer Art“ Jugendleche „schwéiere Schued kéint zoufügen“, an huet dat ganzt verschwanne gedoen…

Konschtverständnes

Dorops hin, hu sech eng dausend Kënschtler, Konschtschaffender a Konschtfrënn virum Musée versammelt, fir géint dës „Zensur“ ze demonstréieren. Fir si ass et eng Decisioun déi vun der PiS-Regierung erbäigefouert ginn ass, well dës Konschtform net an hiren „nationalisteschen an „traditionelle“ Wäerter entsprécht. Si géifen dës Wierker als „Entaarte-Konscht“ net toleréieren.

Wann déi reliéis-konservativ PiS-Partei Polen nees wëll op d‘Mëttelalter astellen, méiglecherweis per Gesetz nees d‘Hexeverbrennungen aféiert a generell d‘Rechter vun de Frae beschneide wëll, esou dierft sech hiren „Erfolleg“ am 21. Joerhonnert, gemooss un der Intentioun ze schueden, just an den eegene Käpp ofspillen. Ausserhalb hire Käpp setzt sech d‘Zivilgesellschaft zur Wier…

Konschtverständnes

Esou gëtt et am Internet eng Abberzuel u Posts, op deene Mënschen ze gesi sinn, déi eng Banann iessen. Déi ganz „béis“ suergen ëmmer dofir, datt et der polnescher Regierung net entgeet. Géint „Dommheet“ schéngt et also awer e Kraut ze ginn: Humor! An et ass sécherlech e gutt Zeechen, wann déi, wou vum „Humor“ ugeschwat ginn, net driwwer laache kënnen. Mir awer schonn.

Konschtverständnes

mat indymedia/waw

Foto: Grouss Maniff virum Nationale Musée zu Warschau. A Polen reegt sech de Widderstand vu Kënschtler a Konschtfrënn. Demonstrativ mat enger Banann an der Hand, hunn d‘Leit géint Zensur vun der Konscht protestéiert. © Annabelle Chapmann (via Twitter)

Related topics Konscht, Konschtverständnes, PiS-Partei, Polen, Protest, Zensur
Next post Previous post