Search

You may also like

Wat maachen si mat de Vaccinen? (Kommentar)
Neiegkeeten

Wat maachen si mat de Vaccinen? (Kommentar)

Mir liewen an enger komescher Welt. Wärend eis d‘Regierung versprécht

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
Neiegkeeten

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt

Am Kader vum Luxembourg City Film Festival organiséiert de Casino

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien
Neiegkeeten

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien

Op der Generalassemblée vun der „National Rifle Association“ (NRA), der

Eppes Konstruktivismus fir Syvicol, CGDIS a Inneministère

Eppes Konstruktivismus fir Syvicol, CGDIS a Inneministère

Nodeems de Syvicol no senger Sëtzung vum 19. Abrëll sech iwwert eng Hausse vun hire Beiträg betreffend d‘Rettungsdéngschter beschwéiert huet, war et den 10. Mee zu enger konstruktiver Entrevue tëscht de Büro vum Syvicol, dem Inneministère an de kommunale Vertrieder bannent dem CGDIS-Verwaltungsrot komm.

Dës Entrevue, déi vun der Inneministesch virgeschloe gouf, huet an der Stater Gemeng stattfonnt. Hei huet d‘Inneministesch begréisst, datt déi éischt Vizepresidentin vum Syvicol, Lydie Polfer (DP) deklaréiert huet, datt de Syndikat vun de Stied a Gemenge hannert dem Nationale Rettungsplang (PNOS) steet, woubäi et jo drëms geet, am Land bannent 15 Minutten Hëllef op der Plaz ze hunn.

Fir de Syvicol-President Emile Eicher (CSV) bleift et derbäi, datt et net de richtegen Zäitpunkt ass, d‘Beiträg ze erhéijen. Et géif ee sech grad kristillege fir d‘Enner unenaner ze kréien, well d‘Covid19-Pandemie eng zolidd Belaaschtung fir d‘Budgete vun de Gemengen ass. Zudeem jo och d‘Dotatioune fir d‘Gemenge wesentlech méi geréng ausfalen. Dat misst hei berécksiichtegt ginn.

Elo ass et dann un de Stied a Gemenge selwer, hir Meenung zum bekannte Problem ofzeginn. Dat soll bis zum 1. Juni ofgeschloss sinn. D‘Inneministesch soll versprach hunn, all Avis Rechnung ze droen. Déi pertinentst Remarke solle berécksiichtegt ginn, fir déi endgülteg Versioun vum PNOS auszeschaffen. Ob dat schonn duer geet fir den Dissens bäizeleeën? Nächste Mount wësse mir méi.

Illustratioun: © Celine Sayuri Tagami / unsplash

Related topics CGDIS, Dotatiounen, Emile Eicher, Inneministesch, PNOS, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post