Slow Fashion zu Lëtzebuerg: Et feelt un Informatiounen an Offeren

Wärend d’Bewosstsinn fir ethesch an nohalteg Moud ëmmer weider klëmmt, geet den Iwwerkonsum am Textilberäich a Kombinatioun mat méiglechst klenge Präisser virun. Am Kader vun der Campagne Rethink Your Clothes goufen dofir Lëtzebuerger Konsumenten méi genee zu hirem Kleederkonsum befrot.

D’Enquête, déi am Januar 2022 vun TNS Ilres duerchgefouert a vu Fairtrade Lëtzebuerg a Caritas Lëtzebuerg finanzéiert gouf, huet gewisen, datt vill Lëtzebuerger sech zu de jeeweilege Marken informéieren an zwee Drëttel vun de Befroten hunn op mannst ee Second Hand-Stéck, respektiv ee Kleedungsstéck mat Label am Schaf.

D’Qualitéit an de Präis bestëmmen fir d’Majoritéit vun de Konsumente wat si schlussendlech kafen, woubäi a 78% vun de Fäll op den Online-Handel zeréckgegraff gëtt. Zum Deel ass dëst eng Konsequenz vun der sanitärer Kris.

Déi grouss Erausfuerderung ass den Iwwerkonsum. Fir dësen ze erméiglechen a gläichzäiteg kleng Präisser ze garantéieren, gi Produzenten ausgebeut an d’Ëmwelt a Matleedenschaft gezunn. Ma, just 38 % vun de Befrote beschäftege sech mat Slow Fashion a géife keng Mark méi ënnerstëtzen déi an e Skandal verwéckelt ass.

Heizou huet de Jean-Louis Zeien, President vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg betount, datt de Konsument d’Muecht huet d’Textilbranche ze veränneren. Säi Kafverhale bestëmmt wat a wéi enger Aart a Weis produzéiert gëtt. Der selwechter Usiicht sinn iwwregens och 68 % vun de Befroten.

Dobäi kommen d’Butteker selwer, déi hir Offer un nohalteger an ethescher Kleedung vergréissere mussen. Esou kënne si zum engen en Zeechen fir méi Bewosstsinn setzen, gläichzäiteg och dem Konsument den Zougang zu nohaltegen Artikelen erliichteren. Ganzer 80% vun de Befroten tëscht 16 a 64 Joer stëmmen deem zou.

E Beispill dofir, wéi eenzegaarteg nohalteg an ethesch produzéiert Kleedung ka sinn, ass de Shop vu Lët’z Refashion um Hamilius. Lokal Kreateuren weisen, datt dës Moud net langweileg muss sinn. Gläichzäiteg gëtt de Client am Buttek informéiert a sensibiliséiert.

Wousst Dir schonn?

All Minutt ginn zu Lëtzebuerg 95 T-Shirten ewechgehäit. Kuckt een de Volume, esou liquidéiert all Lëtzebuerger Awunner 12,26 kg Kleedung pro Joer. Wärend zanter 1993 iwwert en Drëttel méi Stécker ewechgehäit ginn, huet sech de Budget vum Client quasi hallwéiert. Genee esou schockéierend ass, datt am Joer 2018 insgesamt 7.454 Tonnen Textil-Offall hei am Land zesummekomm sinn, dobäi awer manner wéi 2 % lokal viru verwäert goufen.

Den Zougang zu Informatiounen, awer och zu nohaltegen an etheschen Alternativen muss sech weiderhi verbesseren. Wann een T-Shirt knapp 5 € kascht, freet sech vläicht de Konsument, op enger anerer Plaz leit awer de Produzent ënnert Ausbeutung an engem vill ze klengen Akommes.

A propos informéieren: Vum 10. bis den 13. Mäerz fannen d’Fair Fashion Days statt. Ëm 20 Aussteller proposéieren originell a fair Stécker, bidden Atelieren an Äntwerten op oppe Froen. Um 22. Mäerz ass am Casino Luxembourg e Ronndësch zum Thema „On the road to sustainable fashion“ geplangt. Mat dobäi ass och de Ministère fir Konsumenteschutz.

Annexe:

Dernières nouvelles