Search

You may also like

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert
Money Neiegkeeten

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert

No der Interventioun vum OGBL huet d’Regierung sech um 15.

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn
Money Neiegkeeten

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère
Money Neiegkeeten

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi

money

De Konsumenteschutz warnt viru Steiererhéijungen

De Konsumenteschutz warnt viru Steiererhéijungen

Nodeems den CSV-President Frank Engel den Debat iwwer d‘Aféierung vun de Verméigenssteier an Ierfschaftssteier lancéiert, an dofir wéineg luef aus den eegene Reien, dofir awer Zousproch bei den déi gréng an der LSAP fonnt huet, huet dann elo och de Xavier Bettel dozou Stellung ergraff. Am Lëtzebuerger Wort huet de Premier, datt et mat him net zu esou enge Steiere komme wäert.

Op et zu esou Steiermodeller komme muss oder net, sollt een dann awer – zumindest iert een dat Ganzt ad acta leet – ugesiichts de schwieregen Zäiten déi do op een duer kommen, zumindest mat an den ëffentlechen Debat eranhuelen. Sécher sinn esou Steieren net populär, mee dat sinn déi sougenannt „spezialiséiert Fongen“ (FIS) jo elo och net, an och doriwwer misst zäitno berode ginn.

An dëse Kontext mécht sech elo och de Konsumenteschutz (ULC) an. D‘ULC weist nach emol ganz diplomatesch drop hin, datt nieft der sougenannter aktiver Bevëlkerung – also deene Leit déi all Dag op d‘Schaff ginn – och d‘Pensionären zum Grupp vun de gréisste Konsumenten ze ziele sinn an déi wuel als éischt ënnert der aktueller Covid19- a Wirtschaftskris ze leiden hunn.

Besonnesch déi aktiv Bevëlkerung ass vum Chômage an/oder Kuerzzäitaarbecht bedreet, wat zu engem gréisse Verloscht u Kafkraaft féiert, firwat nees manner Konsuméiert gëtt, an esou weider Aarbechtsplazen a Matleedschaft zitt. Fir de Konsumenteschutz sollten sech d‘Parteien, wann si iwwert Steiererhéijungen nodenken, bewosst sinn, datt et ouni Kafkraaft och kee Konsum gëtt.

Gitt seriéis mam Problem ëm!

D‘ULC deelt dann och d‘Usiicht, datt Aarbecht nach ëmmer vill ze héich géintiwwer dem Kapital an de Kapitalerträg besteiert gëtt. Wärend also nees eng „Rei Leit“ vun der Politik kloer an däitlech privilegiéiert ginn, soll d‘Salariat mat de Pensionären d‘Pan klaken? Hei läit de Spëtzesteiersaz bei bekannte 45%, wärend de Profit mam „Bëtongsgold“ souzesoen iwwerhaapt net besteiert gëtt.

Elo weess och de Premier Xavier Bettel, datt sech villeruerts iwwert déi „besonnesch Kaddoen“ geiergert gëtt, mee hie schéngt nach ëmmer dovunner iwwerzeegt ze sinn, datt dës Avantage méi Investitioune bréngen an esou méi séier Wunnenge geschafe géifen. Deem ass leider net esou, a vill Immobilien oder Bauplaze sinn reng Spekulatiounsobjeten. D‘Rendite léien tëscht 11% a 14%.

Wien dann elo mengt mussen d‘Steiergerechtegkeet anzefuerderen, wäert sech mëttelfristeg op ee politesche Wiessel mussen aloossen. Mat de Liberale gëtt nu emol keng Sozialpolitik bedriwwen, woubäi déi gréng och éischter de bloe Mäntelchen unhunn. Dobäi muss jo de Goss awer iergend anzwousch hierkommen, an engem „Plakege“ kann ee bekanntlech net an d‘Täsch gräifen…

Bei der ULC schéngt een also enger Verméigen- an/oder Ierfschaftssteier net ganz ofgeneigt, mee och si geséichen et gären, wann dat alles Kapp a Schwanz hätt. De Konsumenteschutz fuerdert hei ausräichend Fräibeträg. Et sollen zudeem och keng Ierfschaftssteieren ufalen, wann ee beispillsweis d‘Haus vun den Elteren ierft. An op klengem Erspuerten, soll keng Verméigenssteier erhuewe ginn.

Illustratioun: © The New York Public Library / unsplash

Related topics CSV, DP, Frank Engel, Ierfschaftssteier, Kafkraaft, Konsumenteschutz, Steierkaddoen, ULC, Verméigenssteier, Xavier Bettel
Next post Previous post