Search

You may also like

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 15.03.2021)
Neiegkeeten

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 15.03.2021)

Och an dësem Joer ginn nees zwee Mol Maintenance- a

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen
Neiegkeeten

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen

Dat huet den Dan Kersch (DP), Minister vum Ëffentlechen Déngscht an

Entreprisen am Covid19-Féiwer
Neiegkeeten

Entreprisen am Covid19-Féiwer

Et ass grad emol eng Woch hir, datt d‘Regierung dat

Impfcampagne fir Persoune mat Kontakt mat vulnerabele Persounen

Impfcampagne fir Persoune mat Kontakt mat vulnerabele Persounen

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an d’Corinne Cahen, d’Ministesch fir Famill an Integratioun hunn eng zousätzlech Impfcampagne gestart. “Wa jiddwereen säin Deel zu de kollektive Solidaritéitsbeméiunge bäidréit, kréie mir de Virus an de Grëff.”

Elo sinn d’Fachleit un der Rei, déi reegelméissege Kontakt mat vulnerabele Persounen hunn. Domat huet jiddwereen, deen dëse Kontakt mat net geimpfte vulnerabele Persounen huet, d’Méiglechkeet sech ouni administrativ Demarchen impfen ze loossen. Vum 28 Juli bis den 10. August sinn mobil Equippen a Reesbusser a mam Impfstoff Comirnaty® vu Pfizer ënnerwee an dacks bei de jeeweilegen Aarbechtsplazen ze fannen.

Dës Impfaktioun riicht sech u Salariéen, Aarbechter, Fräiwëlleger, Stagiairen a Studenten déi ënnert anerem a folgende Beräicher schaffen: Ariichtunge fir kontinuéierlech Openthalter, integréiert Zentre fir eeler Mënschen, betreitem Wunnen, Ariichtunge fir Mënsche mat Behënnerungen, Formatiounszentren sou wéi Hëllefs- a Betreiungsnetzwierker.

Och d’Personal aus de lëtzebuergesche Spideeler (CHL, HRS, CHEM, CHDN, CHNP) kritt dës Méiglechkeet ugebueden. An dësem Kader ginn an der Woch vum 26. bis den 30 Juli Impfasätz vum Gesondheetsministère organiséiert, déi vum gesamte Personal genotzt kënne ginn.

Illustratioun: © Spencer David / unsplash

Related topics Corinne Cahen, Covid19, Impfaktioun, Impfcampagne, Impfstoff, Impfstrategie, Paulette Lenert
Next post Previous post