Search

You may also like

Literareschen Dënschdeg an der Stad
Neiegkeeten

Literareschen Dënschdeg an der Stad

D‘Cité Bibliothéik an der Stad luet de 26. Oktober um

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur
Neiegkeeten

Quadripartite: Vill Verbesserungen am Gesondheetssecteur

Der Gesondheetskeess, an domatter der Gesondheet vum an am Land,

Nächste Mount gëtt et besser…
Neiegkeeten

Nächste Mount gëtt et besser…

Gëschter hunn de Premierminister Xavier Bettel (DP) an d‘Gesondheetsministesch Paulette

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff

De Kontakt-Tracing ass mat déi grouss Erausfuerderung fir d‘Gesondheetsinspektioun, an déi héich Zuelen u positiv Tester, mécht de Leit am Call-Zenter d‘Aarbecht erwisenermoossen net wierklech einfach. D‘Personal ass mëttlerweil opgestockt ginn, an esou wéi dat d‘Cheffin vum Déngscht, d‘Anne Vergison erkläert, kritt een esou lues awer sécher nees d‘Iwwerhand.

Si huet och erkläert wéi déi verschidden Ekippe schaffen, déi jo hir ephemer Aarbechtsplaz an de fréiere Raimlechkeete vun engem italienesche Schokelasproduzent um Findel fonnt hunn. Fir de Chaos ze miniméiere muss zortéiert a getrennt ginn, iert déi eigentlech Sisyphusaarbecht ufänkt. Esou ginn also Kéip gemaach, d‘Schoulen, Héichschoulen, Spideeler a Fleegeheemer hu Prioritéit.

Eng Moossnam déi noutwenneg gouf, nodeems am Oktober d‘Zuelen exponentiell an d‘Luucht gaange sinn. Wann de Call-Zenter bis Mëtt Oktober ronn honnert Appeller ze geréieren hat, esou sinn et der aktuell bis zu Dausend den Dag. Un dëser Zuel kann och de Laie erkennen, datt et séier zum befierchte Chaos komme kann. Et heescht penibelst organiséiert ze sinn a Courage ze hunn.

Datt d‘Ekipp vum Kontakt-Tracing den Ustuerm elo awer nees eenegermoosse bewältegt kritt, huet net zu gudder lescht eppes domadder ze dinn, datt se personell verstäerkt gouf. Mat zousätzleche 50 Telefoniste sinn elo 120 Männer a Fraen haaptsächlech mat telefonéiere beschäftegt. Och „digital“ gouf opgerëscht, firwat d‘Anne Vergison iwwerzeegt ass, datt de Réckstand kann opgeholl ginn.

Illustratioun: © Petr Machacek / unsplash

Related topics Anne Vergison, Call-Zenter, Covid19, Gesondheetsinspektioun, Kontakt-Tracing
Next post Previous post