Search

You may also like

Fir d’Geschlechtergläichheet: Stereotyppe schonn am jonken Alter bekämpfen
Kultur Neiegkeeten

Fir d’Geschlechtergläichheet: Stereotyppe schonn am jonken Alter bekämpfen

D’Educatioun zur Gläichheet tëscht Fraen a Männer bilt d’Basis fir

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën
Kultur Neiegkeeten

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën

An engem neie Bericht zur Ëmsetzung vun den zwou EU-Direktive

Ee Mindestloun a bezuelten Iwwerstonnen!
Kultur Neiegkeeten

Ee Mindestloun a bezuelten Iwwerstonnen!

Mat senger Petitioun 1783 – si ass de 24. Februar

KONTERBONT: E Grapp voll Lëtzebuerger

KONTERBONT: E Grapp voll Lëtzebuerger

Deen een oder aneren ass weltbekannt, deen nächsten ass onstierflech, a bei deem anere kennt een éischter de Numm vum Betrib oder den Titel vu senge Bicher ewéi de Personnage deen derhanner steet. E Grapp voll Lëtzebuerger stellt Iech 14, mol méi, mol manner bekannte Lëtzebuerger vir a bléckt och emol ënner de Rack oder hanner de Riddo vun dëse Persounen.

Vun Thierry Van Werveke iwwer den Andy Bausch, vum Laurent Carnol bis bei de Jean Asselborn, vum Sumo bei de Fausti a vum Guy Rewenig bis bei de Superjhemp, si all, an nach esou muncher anere sinn: e Grapp voll Lëtzebuerger.

E Grapp voll Lëtzebuerger ass déi éischt Extra Nummer vum KONTERBONT, deem éischten, komplett digitale Magasinn zu Lëtzebuerg, op LËTZEBUERGESCH. An eelef Rubricken a méi ewéi enger Bäckeschdosen Artikele bréngt de Konterbont all zwee Méint de Leit d‘Lëtzebuerger Land an all senge bekannten a manner bekannte Facette méi no.

Iwwerrascht ass een sécherlech, wann een sech den Impressum vum Konterbont méi genee ukuckt a feststellt, datt den Editeur vun dësem flotten a professionellen Magasinn Autisme Luxembourg a.s.b.l. ass, eng Vereenegung, déi ënner anerem Aarbechtsplaze fir Leit mat enger Stéierung aus dem Autismus Spektrum ubitt.

De KONTERBONT entsteet mat der Ënnerstëtzung vum Zenter fr d’Lëtzebuerger Sprooch am Atelier Info-Média vun Autisme Luxembourg a.s.b.l. An den eelef Atelieren zu Biekerech an zu Useldeng entstinn eng Hellewull u flotten, an deels innovative Produiten esou wéi eng Rei un Déngschtleeschtungen, déi een net op all Eck fënnt.

Méi Informatiounen iwwer eis Associatioun fannt dir op eiser Internetsäit www.autisme.lu. De KONTERBONT fënnt een an den App Store vu Google an Apple fir de Smartphone an den Tablett Computer.

Matgedeelt vun Autisme Luxembourg Asbl

Related topics Autisme Luxembourg Asbl, Bekannt Lëtzebuerger, e Grapp voll Lëtzebuerger, Fausti, Konterbont, Laurent Carnol, Magazin, Superjhemp, Thierry Van Werveke
Next post Previous post