Search

You may also like

SOLDEN!
Neiegkeeten

SOLDEN!

Déi Stater si bereet fir d‘Solden (28 Juni – 27.

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen
Neiegkeeten

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen

Et ass onmoosseg wat sech Washington elo op en Neits

Industriellen Tourismus: Op de Spuere vun der Vergaangenheet
Neiegkeeten

Industriellen Tourismus: Op de Spuere vun der Vergaangenheet

Mat „Sur les traces du passé – Tourisme industriel au

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi

Och um Weekend waren eis Dammen an Häre vun der Police ganz aktiv: Nieft den üblechen Alkoholkontrolle gouf natierlech och no gréissere Mënschemassen an domat verbonne Verstéiss géint d’Covid-19-Virschrëften gekuckt. Dobäi sief drun erënnert, datt mat den neie Mesuren ab haut just nach Gruppéierunge vun 10 Persounen erlabt sinn.

Komme mir als éischt zu de Kontrollen am Kader vun de Covid-19-Virschrëften. Bis op ee Restaurant, deen kuerz no Mëtternuecht nach e puer Clienten hat, konnten d’Beamten – glécklecherweis – keng gréisser Verstéiss feststellen.

Wärend et am Park bei den Dräi Eechelen, wou jo zënter e Freideg den Zoutrëtt verbueden ass, näischt Opfälleges ze bekloe war, ass um Sonndeg vum gudde Wieder profitéiert ginn. Ronderëm de Stauséi waren d’Wise gutt besicht. Och d’Parkingen zu Lëlz an Ënsber waren iwwerfëllt, wouduerch d’Police huet missen de Verkéier kontrolléieren.

Kontrollen

Vum Abroch zu Schëffleng

Um ganz fréie Moien vun en Donneschdeg op e Freideg ass an engem Restaurant zu Schëffleng den Alarm ausgeléist ginn. D’Dieren an d’Fënsteren goufen ageschloen, d’Wäertgéigestänn ware schonn an der Täsch vun den Déiwen. Ma, bei enger Kontroll zu Esch-Uelzecht konnten déi zwee verdächteg Männer identifizéiert an hiert Gefier duerchsicht ginn. Mat räichlech Geschir fir Anzebriechen, Schrauwenzéier, Händschen an de geklaute Géigestänn konnte si iwwerfouert ginn.

D’Brigange goufen dem Ënnersichungsriichter virgefouert an et konnt en Haftbefeel géint si erlooss ginn. D’Géigestänn vum Abroch goufe beschlagnaamt. De rechtméissege Besëtzer krut säi Besëtz zeréck.

Wa bis Alkohol am Spill ass…

Vun e Freideg op e Samschdeg Owend huet d’Police, op Uerder vum Procureur d’Etat, op der N14 zu Biwer, sou wéi op der N1 zu Rued-Sir Alkoholkontrollen duerchgefouert. Dobäi si ganzer 194 Automobilisten nom Zoufallsprinzip erausgezu ginn. An dräi Fäll koum et zum Protokoll, ee Permis gouf op der Plaz ewechgeholl.

Zwee weider Automobilisten hunn zu Lëtzebuerg an zu Miersch hire Führerschäin missen ofginn. Nodeems si e bëssen vill ze déif an d’Glas gekuckt hunn, gouf direkt e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat a si kënnen elo op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen. Gutt, datt dee jo gratis ass!

Ma, ee Chauffeur ass e Samschdeg an der Nuecht ënnert Alkoholafloss an eng Garagepaart geknuppt, ass dunn awer weider a Richtung Steenem gefuer. Och hien duerft nom positive Resultat vum Alkoholstest de Permis hierginn a wäert déi nächst Zäit wuel net méi d’Garage mam Auto kussen.

Related topics Abroch, Alkohol um Steier, Alkoholiséierte Chauffeur, Covid-19, Covid-19-Bestëmmungen, Gastronomie, Kontrollen, Police, Restaurant, sanitär Moossnamen, Schëffleng, Stauséi
Next post Previous post