Search

You may also like

Franséische President zitt d‘Handbrems
Neiegkeeten Stories

Franséische President zitt d‘Handbrems

An enger grousser Usproch huet gëschter de President Emmanuel Macron

Versécherungsdaachverband ACA besuergt
Neiegkeeten Stories

Versécherungsdaachverband ACA besuergt

Et ass een nach ganz wäit dovunner ewech eng realistesch

Offiziell Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier
Neiegkeeten Stories

Offiziell Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier

Um haitegen Dag duerft de Generol Alain Duschène, Stabchef vun

Eng Bridderschaft, vill Geschichten: D’Erëmgesinn no 40 Joer

Um 19. Januar 1981 sinn zu Lëtzebuerg zuelräich Fräiwëlleger fir d’Arméi rekrutéiert ginn, hunn d’Basisausbildung zesumme gemeeschtert an Teamgeescht bewisen. Um vergaangene Freideg duerfte si sech erëmgesinn – 9 Memberen hunn e spannende Réckbléck op déi gemeinsam Zäit gewot.

Wat si méi laang an der Dikrecher Kasär waren, wat méi Erënnerungen erop komm sinn. Et waren déi kleng a grouss Andréck, déi un dësem Dag eng herrlech Atmosphär opbruecht hunn. Vum Mënztelefon den deemools nach mat Frangen huet misse gefiddert ginn, iwwert d’Kläppereien an der Kantin, hin zu den Auslandmanöver.

Ma, datt dëst Treffen iwwerhaapt zustane komm ass, war mat méintelaanger Recherche verbonnen. Vun den 34 Rekrutéierten, déi no 3 Méint Grondausbildung vereedegt gi sinn, lieft en Deel schonn net méi. Ee vun de Verstuerwenen huet sengem fréiere Komerod, dem Jean Dostert, dunn um Stierfbett de Wonsch geäussert, den Trupp nach emol zesummen ze bréngen.

Konveniat
© Shari Pleimelding / moien.lu

Wéinst dem strengen Dateschutz ass him just d’Méiglechkeet bliwwen, iwwert den Internet an déi sozial Medien no de Memberen ze sichen. E gutt halleft Joer huet d’Recherche gedauert, eng Persoun konnt net fonnt ginn, e Grapp voll fréierer Zaldoten wollt sech net iwwerwannen um Konveniat deelzehuelen.

Nodeems jiddereen ënnert der Foto aus dem Joer 1981 ënnerschriwwen an am Festsall mam Diaporama vun 2020 en Abléck an d’Aktivitéite vun der Arméi kréie konnt, duerft d’Visitt vum Site starten. Dobäi ass et ënnert anerem duerch de Stock, an d’Kantin gaangen a souguer eng Kummer duerft besiichtegt ginn.

Waren d’Jongen all um Sprong fir no den Iwwerschwemmungen erof hëllefen ze goen, esou duerft déi eng oder aner Kosettchen net feelen. Ähnlechkeeten an Ënnerscheeder tëscht deemools an elo goufen ervirgehuewen – Froen, kuerz Geschichten a lëschteg Momentopnamen sollte gedeelt ginn.

Konveniat
© Shari Pleimelding / moien.lu

Géife si haut nach emol de selwechte Wee goe wëllen?

Hei sinn d’Äntwerten ënnerschiddlech ausgefall. Et sinn déi generell Faszinatioun an den neien Equipement, deen déi Meescht reize géif. D’Attraktivitéit wier nach ëmmer déi selwecht, och wann (oder grad well) sech esou munches geännert hätt.

Anerer waren enttäuscht, datt déi grouss Verspriechen net gehale konnte ginn. Ee Member huet d’Arméi als „Opfanglager fir jonk Kandidaten“ beschriwwen, dat d’Zil verfollegt hätt si aus der Schoul ze zéien. Et hätt een uschléissend net déi Chancen am Beruffsliewe kritt, déi eigentlech ugekënnegt waren a grad haut kéint een ausserhalb vun der Arméi nach manner mat der Ausbildung ufänken.

Ma, bei e puer Punkte ware si sech awer eens. Zum engen sollt d’Grondausbildung nees e feste Bestanddeel vun der Formatioun vun der Police ginn. Wärend dëser Zäit géif ee sech net nëmme verschidde Fäegkeeten a Kenntnisser uneegnen, déi an der Karriär noutwenneg sinn, mee et kritt een och essentiell Wäerter vermëttelt, wéi Zesummenhalt a Respekt vermëttelt.

Konveniat
© Shari Pleimelding / moien.lu

An esou komme mir zum zweete Punkt: Grad dëse staarken Zesummenhalt huet si nohalteg gepräägt. Kee gouf zeréck gelooss, et huet ee sech géigesäiteg ënnerstëtzt an t’ass een zesummen iwwert déi eege Grenzen erausgaangen.

No der Arméi ass schliisslech jidderee säi Wee gaangen. De Kontakt war vläicht getrennt, d’Verbonnenheet allerdéngs net. Ëmsou méi schéin war dëst Erëmgesinn, wat hoffentlech net dat lescht gewiescht wäert sinn.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics 19. Janaur 1981, Bridderschaft, Diaporama, Dikrech, Härebierg, Jean Dostert, Konveniat, Lëtzebuerger Arméi, Réckbléck, Rekrutéiert, Wonsch, Zaldoten
Next post Previous post