Search

You may also like

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
International Neiegkeeten

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!
International Neiegkeeten

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!

Um vergaangene Weekend huet d’LGX Luxembourg Gaming Xperience op seng

This Day in History: Dat éischt Guinness-Buch vun de Rekorder
International Neiegkeeten

This Day in History: Dat éischt Guinness-Buch vun de Rekorder

D‘Geschicht hannert der Kreatioun vum Guinness-Buch ass am November 1951

Korea: Historeschen Handschlag op de militärescher Demarkatiounslinn

Korea: Historeschen Handschlag op de militärescher Demarkatiounslinn

De nordkoreanesche Staatschef Kim Jong-Un an de südkoreanesche President Moon Jae-In, hunn sech e Freideg op der Südsäit vun der entmilitariséierter Zon mat engem Handschlag begréisst. E Sommet dee vu villen Erwaardunge begleet gëtt.

Den éischte Sommet tëscht béide Staatsmänner huet domatter op der südkoreanescher Säit vum Grenzduerf Panmunjom ugefaangen. Et ass dann och fir d’éischt, datt e nordkoreanesche Staatschef d’Grenz zu Südkorea – säit dem Waffestëllstand nom Koreakrich (1950-53) – iwwertrëtt, a e Fouss op südkoreanesche Buedem setzt.

De mächtege Mann vu Pyongyang ass op der Demarkatiounslinn, an der gemeinsamer Sécherheetszon, vum Moon Jae-In empfaange ginn. D’Begréissung gëtt als Häerzlech beschriwwen, an de Kim Jong-Un huet säin Homolog frëndlech opgefuerdert, d’Bëtongsschwell am Buedem a Richtung Norden ze iwwertrieden.

De südkoreanesche President huet esou nordkoreanesche Buedem betrueden. E Geste dee mat grousser Opmierksamkeet verfollegt ginn ass. Tëscht de bloe Baracken, déi béid Säiten zanter dem Waffestëllstand benotze fir Gespréicher ze féieren, markéiert d’Bëtongsschwell tëscht dem Norden an dem Süden, d’Demarkatiounslinn.

Op der Sich nom Fridden

De Sommet gëtt begleet vu groussen Hoffnungen. Esou steet d’Ofrëschtung vum atomaren Arsenal engersäits an eng laangfristeg Friddensregelung am Mëttelpunkt vun de Gespréicher. KCNA, déi nordkoreanesch Presseagence, huet bericht, datt de Kim Jong-Un „oppen“ kee Sujet ausloossen.

Et geet hei ëm d’Verbesserung vun de Bezéiungen tëscht béide koreanesche Staaten an dem Fridden, wëll streng geholl, befannen sech béid Länner nach ëmmer am Krich. Zur Diskussioun steet och de Wuelstand an d’Wiedervereinegung. Op d’Atomwaffe vu Nordkorea ass KCNA net agaangen.

Handschlag

Mat dësem Schratt, Hand an Hand, ass et déi éischte Kéier zanter dem Waffestëllstand, datt e nordkoreanesche Staatschef e Fouss op südkoreanesche Buedem setzt. © Korea Summit Press Pool/AFP

D’Resultater déi bei dësem Treffen erziilt ginn, dierften och d’Grondlag fir de Sommet tëscht dem Kim Jong-Un an dem Donald Trump bidden. E weidere Sommet deen Enn Mee, ugangs Juni erwaart gëtt. Et ass zudeem den drëtte koreanesche Sommet, no 2000 an 2007 zu Pyongyang, mee den éischten, zanter der Eskalatioun, déi duerch d’Atomwaffentester ausgeléist gi war.

Ofrëschtung muss fir all d’Atommuechte gëllen

Ob et schonn zu engem Accord bei dësem Sommet komme kann, a wéi dëse kéint ausgesinn, ass net ersiichtlech. „Et hänkt alles vum Verlaf vun de Gespréicher of“, esou de Spriecher vum südkoreanesche President Moon Jae-In. Vum Kim Jong-Un gëtt ee däitlecht Bekenntnis zur atomarer Ofrëschtung erwaart.

De nordkoreanesche Staatschef, hat leschte Freideg iwwerraschend ugekënnegt, datt hie mat den Atom- a Rakéitentester ophält. Den Atomprogramm wier erfollegräich ofgeschloss, wat a Nordkorea politesch als „Viktoire“ gefeiert ginn ass. De Kim Jong-Un huet allgemeng ugedeit, datt Nordkorea esou e Bäitrag zur weltwäiter Ofrëschtung leeschte wëll.

Skeptesch sinn d’Experten awer och weiderhin. Et wier net gewosst, op de Kim Jong-Un op seng Atomwaffe verzichte wëll. Si ginn dann och éischter dovunner aus, datt de Wëllen zur Beseitegung vun den nordkoreaneschen Atomwaffen, am globale Kontext vun der Ofrëschtung vun allen Atommuechte muss betruecht ginn.

mat AFP

Foto: Den historeschen Handschlag tëscht dem Kim Kong-Un (l) an dem Moon Jae-In op der Demarkatiounslinn tëscht Nord- a Südkorea. © Korea Summit Press Pool/AFP

Related topics Fridden, Kim Jong-Un, Moon Jae-In, Nordkorea, Südkorea
Next post Previous post